Lëtzebuerg huet also gewielt, wouropshin d'DP, d'LSAP an déi Gréng decidéiert hunn, dass et zu Gambia 2.0 soll kommen! Den Eric Ewald befaasst sech a sengem Commentaire ënnert dem Stréch mat engem Gewënner an 3 Verléierer.

AUDIO: Commentaire vum Eric Ewald

21 Sëtz fir d'CSV, wat e Minus vun zwee bedeit: Dat hate sech déi Orange e Sonndeg sécherlech ganz anescht virgestallt! Wann een am spéiden Owend, kuerz virun der sougenannter Elefanteronn, Haaptvertrieder vun der Partei zu Gesiicht krut, da wousst een, dass dat fir si net gutt géif ausgoen. Virun allem net fir de Spëtzekandidat Claude Wiseler, ma och net fir de Parteipresident Marc Spautz! Deen Éischten dierft den Dënschdeg den Owend am Nationalrot vun de Chrëschtlech-Soziale säi Posten als Fraktiounschef zur Verfügung stellen (Favorit dofir dierft d'Martine Hansen sinn) an deen Zweeten um Post-Walkongress säi Mandat un der Spëtzt vun der Partei (heifir dierft de Serge Wilmes d'éischt Wiel sinn)! Ze kucken ass, wat mam Generalsekretär Laurent Zeimet geschitt, mä wann en eminente Parteivertrieder wéi de Fränk Engel seet, all wichteg Poste wär nei ze besetzen. D'Partei, déi joerzéngtelaang vun der Muecht net ewechzedenke war, bleift fir d'zweet noenee vun där Muecht ewech: Schold dorun ass e verpassten Neiufank bei de Wale vun 2013! Dobäi kënnt eng Walkampfstrategie, déi queesch duerch d'Partei net nëmmen op Géigeléift gestouss ass, mam Resultat, dat een e Sonndeg den Owend gesinn huet!
Mä och zwee vun deenen, déi mat Regéiere weiderfuere kënnen, sinn ugeschloen! Dat gëllt absënns fir d'LSAP, déi ëm 3 op 10 Sëtz um Krautmaart ofgestierzt ass. 10 Sëtz, do war dach eppes!? Richteg, Mëtt Juni an engem Artikel op der Noriichteplattform reporter.lu. Do sot den Alex Bodry, Fraktiounschef vun de Sozialisten: "Falls wir diese Wahlen verlieren sollten, also 11 oder weniger Mandate erzielen (do sinn d'Genossen da jo elo ukomm), wird in der Partei sicher der Wunsch sehr stark sein, in die Opposition zu gehen. Ich persönlich würde das meiner Partei jedenfalls dann raten." An de leschte Stonne schéngt den Alex Bodry deemno net vill Gehéier an der Parteileedung fonnt ze hunn, well fir d'LSAP ass den Zuch och op de Schinne fir e Gambia reloaded, trotz dem schlechtste Walresultat zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich! Mä wéi sot schonn en däitsche Genosse, den Ex-Minister Franz Müntefering, am Joer 2004: "Opposition ist Mist." Dat wäert sech och den Etienne Schneider soen, dee sech jo mol fir eng Limitatioun vu Ministermandater op 10 Joer ausgeschwat hat. Bei him wär dat Februar 2022 de Fall, also virum Enn vu Gambia, déi Zweet! Mä déi Limitatioun gouf jo am Referendum net guttgeheescht. An der Partei selwer dierft et awer och ongemittlech gi fir d'net-direkt-an-d'Chamber-gewielte Parteispëtzt Claude Haagen (President) an Yves Cruchten (Generalsekretär).

Déi zweet zukünfteg Regierungspartei, déi Plomme gelooss huet, ass d'DP, och wa si d'Verloschter mat engem Minus vun engem Sëtz, op 12, limitéiere konnt. Nawell hat de viregten an och nächste Premier Xavier Bettel kuerz virun de Wale gesot, hie wéilt, dass d'3er-Koalitioun géif gestäerkt ginn. 31 ass awer nu emol manner wéi 32: Vu Stäerkung kann deemno keng Rieds sinn! Virgëschter gouf mat de Wierder „net désavouéiert“ a „confirméiert“ gespillt, wat och net sou ganz richteg ass, mä passons...

Bleiwen um Enn nach déi Gréng, déi quasi am Hamac kënnen nokucken, wat déi aner maachen. Plus 3 Sëtz fir si, op 9: Dat Resultat hate si sech wuel selwer net erwaart, knapp en halleft Joer nom Doud vum Camille Gira. Ma et kéint Begierer mat sech bréngen: Et kéint een zum Beispill un de Poste vum Chamberpresident denken, fir den aktuelle Vize-President Henri Kox, deen noréckelen dierft, an un e Ministerposten zu Laaschte vun der DP. Vläicht gëtt de Claude Turmes jo Energieminister, wann ee sech seng Dynamik bei de La Olaen an aneren akrobatesche Verrenkungen am Atelier virun Aen hält!