Do stoungen der gëscht 3 virun der Press, deenen een d'Flemmsegkeet an de Gesiichter ofgesinn huet: d'CSV-Parteispëtzt mat Wiseler, Spautz an Zeimet. Grad koume si aus engem Nationalrot, an deem alles anescht gelaf war, wéi dat den initialen Zeenario wollt ... en Tëscheruff vum Roy Grotz.

Et soll een d'Parteibasis net ënnerschätzen: och net bei enger grousser Vollekspartei wéi der CSV, wou iwwer Joerzéngten alles duerchgeplangt war an och genee esou gehandelt gouf - et war een un d'Muecht gewinnt - mat engem Accident de parcours an de 70er, mee dat war séier vergiess an d'Hären Werner, Santer a Juncker haten Regierung an d'Land am Grëff a konnten hire Politstil imposéieren. Domat ass et eriwwer.

AUDIO: Tëscheruff vum Roy Grotz

D'Zäiten hu geännert, zanter datt d'Gambia-Parteien de frësche Wand eragelooss hunn.

D'CSV war an der Oppositioun déi lescht Joren roueggestallt an huet et net gepackt, aus der Oppositioun eraus nees un de Pouvoir ze kommen - dat wollten d'Parteileader Wiseler a Spautz och assuméieren an u sech gëscht den Owend soen, datt si vun hire Posten demissionéieren, respektiv net méi zur Dispositioun stinn.

Hansen a Wilmes waren duerch hir gutt Scoren legitiméiert, d'Relève z'iwwerhuelen a stounge prett - mee du koum et anescht.

Keng Fake-News, déi vun eis verbreet goufen, mee absolut genee sou geplangt - bis gëscht den Owend - dunn huet de Michel Wolter de Mikro geholl an den CSV-ler an d'Gewësse geriet, d'Bengelen net bei d'Tromm ze geheien an ze kämpfen. Dat hate sech déi Mannst erwaart, am mannsten Zeimet, Wiseler a Spautz, wou si dach ewell iergendwéi mat der Saach ofgeschloss haten. Elo sollt hire Leidenswee also weidergoen - an dat bis op d'mannst den nächste Kongress.

A well si wëssen, wat si der Partei schëlleg sinn, maache si weider - de fréieren Inneminister huet iwwerzeegt mat sengen Argumenter, dass d'CSV trotz enger "amorpher Campagne" misst prett stoen, wann de Projet Gambia2 näischt géif ginn an een awer nach zu Gespréicher invitéiert gëtt.

Dës Seefeblos huet de Formateur Bettel de Mueren awer platze gelooss.

D'Hoffnung stierft ebe ni - baséiert gëtt sech drop, dass d'CSV nach ëmmer stäerkste politesch Kraaft ass an dass een esou vill Sëtz huet, wéi DP a Gréng zesummen.

Ech stellen awer einfach emol e puer Froen:

Hätt d'Parteispëtzt net awer sollten nom Sonndeg d'Defaite agesinn an nei Gesiichter un d'Spëtzt loossen? Ginn hei net déi néideg Responsabilitéiten geholl, respektiv einfach mol vertässelt, fir Zäit ze wannen - klassesch Strategie?

Gouf de Spëtzekandidat Wiseler schlecht beroden, fir sech direkt um Walowend esou resignéiert ze ginn an domat quasi de Wee fir d'neit Oplo vun der Dräier opzemaachen?

Huet d'Partei et awer net fäerdeg bruecht, sech personell z'erneieren, respektiv traut se sech net dës jonk - oder gutt gewielt - Leit un d'Spëtzt ze huelen?

Spekuléiert eventuell zum Beispill e Fränk Engel drop, fir als neien Parteipresident och de Spëtzekandidat fir d'Europawahlen ze ginn? En Dementi an deem Sënn hu mer de Mueren op eiser Antenne net héieren...

Egal wéi - beäntwert Iech d'Froe selwer - d'CSV huet dach sécher e Plang fir sech nei opzestellen - d'Fro ass, wien en dobäi huet a wéini en devoiléiert gëtt - lescht Méiglechkeet: den CSV-Nationalkongress am Januar - no Dräikinneksdag also...