Eng Fro vu Gerechtegkeet

Den Aarmutsrisiko geet zu Lëtzebuerg weider an d'Luucht a louch zejoert bei iwwer 18%. Déi Erkenntnis huet de Statec e Mëttwoch an enger neier Publikatioun geliwwert a confirméiert domadder en Trend, deem sech déi nächst Regierung unhuele muss, och wann d'Thema an der Walcampagne zimlech op der Säit gelooss gouf, Claude Zeimetz.
Déi lescht Jore goufen déi sozial Froen duerch aner Theme wéi deem vun der Identitéit ersat, schreift den Direkter vum Statec Serge Allegrezza am Virwuert vum neiste Rapport iwwer Aarbecht a sozial Kohäsioun, deen de Statec, sou wéi en dat déi lescht Joren och ëmmer gemaach huet, am Kader vum internationalen Dag géint d'Aarmut gëschter publizéiert huet. Antëscht wësse mer, datt déi identitär Rechnung net an deem Mooss opgaang ass. Do geet et just duer, d'Walresultat an d'Analyse vum leschte Politmonitor ze kucken. E Politmonitor, an deem bal d'Hallschent vun de Leit, 43% fir genee ze sinn, awer zum Ausdrock bruecht hunn, datt si den Zoustand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft als ongerecht empfannen. D'Diskussioun iwwert déi sozial Ongläichheet, iwwert déi grouss Charge vun de Logementskäschte krut spéitstens elo mat den neiste Chiffren an Analyse vum Statec eng nei Visibilitéit an et féiert kee Wee derlaanscht, fir se net seriö an de Koalitiounsverhandlungen unzegoen.
An deem Kontext muss ee sech d'Fro stellen, ob et net interessant fir de politeschen Debat gewiescht wier, wann déi aktualiséiert Zuele scho virun de Walen der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach gi wieren. Vläicht hätt d'Aarmut dann an der Campagne och méi eng grouss Roll gespillt. Woubäi de Constat ass scho laang bekannt. En huet sech elo just nach verschäerft. D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet ëmmer weider auserneen. Leit mat héijem Akommes profitéieren a méi héijem Mooss vun der positiver Wirtschaftslag wéi déijéineg, déi sech net sou gutt stinn. Mir hunn d'Aarmut zu Lëtzebuerg déi lescht Joren ënnerschat, huet de Statec gëschter festgestallt a chiffréiert, de Staat misst am Fong all Joer 700 Milliounen Euro ausginn, fir d'Aarmutsfro ze léisen. Do géif et net duergoen, just de Mindestloun ze hiewen. Dem Serge Allegrezza no misst d'Aarmut ganzheetlech ugepaakt ginn. Zu engem Ament, wou grouss Deeler vum Electorat an der Wirtschaft der Meenung sinn, d'Beem géifen zu Lëtzebuerg nees an den Himmel wuessen. D'Wuesstemsdiskussion, d'Angscht virum ongebremste Wirtschaftswuesstem huet gewisen, wou den Ament den Haaptfokus läit. Déi aner Facettë vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ginn do ausgeblent. Besonnesch betraff sinn Elengerzéier, Jonker, Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, Persoune mat enger manner héijer Ausbildung an Net-Lëtzebuerger. Datt d'Thema an der Campagne net déi Visibilitéit hat, ass ënnert anerem och vläicht dorobber zréckzeféieren.
An do wiere mer da bei där anerer Gerechtegkeetsfro. Wann een d'Analys genee mécht, hunn e Sonndeg grad mol 36% vun den Awunner d'Zesummestellung vun der neier Chamber decidéiert, eng Chamber, där hir Vertrieder jo awer e ganzt Land vertriede sollen. Kloer, d'Fro vum Auslännerwalrecht ass zanter dem eendeitege Verdikt vum Verfassungsreferendum vum Dësch. Domadder ass de Problem awer net geléist. Vläicht sprangen dës Kéier jo déi grouss Volleksparteien, déi ëmmer méi vun hirem Electorat verléieren, mat op den Zuch, fir no neie Weeër ze sichen, d'Wielerschaft méi breet opzemaachen. Déi automatesch Aschreiwung vun EU-Auslänner fir d'Gemengewale kéint hei zum Beispill eng konkret Pist sinn. D'Dräierkoalitioun war viru 5 Joer ugetrueden, fir e politesche Renouveau ze verkierperen an d'Demokratie ze stäerken. Déi Missioun kéint an dëser Legislatur mat enger Reform vum Walgesetz weidergefouert ginn. D'Diskussioun gouf all Zäit schonn am August mat der Affär vun den Demokratie-Kandidaten ugestouss, déi u sech guer net op de Krautmaart wollten. An zanter Walsonndeg trëtt net nëmmen méi just eng ADR verstäerkt fir en Enn vun de 4 Walbezierker an. Et gëtt also genuch Punkten, déi een ugoe kéint fir d'Walgesetz, fir eise Walsystem méi gerecht ze maachen.