Et war schonn eng Iwwerraschung, wat en Dënschdeg den Owend beim Nationalrot vun der CSV erauskoum.

D'Parteispëtzt mat Claude Wiseler a Marc Spautz hate wëlles, fir d'Konsequenz vum Walresultat ze zéien an hir Posten zur Verfügung ze stellen, fir Jonke Plaz ze maachen, dat huet RTL net erfonnt, et gouf awer verhënnert. Si wiere vun de Membere plebiscitéiert ginn virunzefueren, bis déi nei Regierung steet, sot de Claude Wiseler mat wuel enger mini Hoffnung, dass aus Gambia II awer näischt gëtt. Dat wierkt wéi eng Flucht no vir, fënnt d'Bérengère Beffort an dësem Commentaire.

Et war emol eng staark an houfreg Vollekspartei: d'CSV. D'Partei vu grousse Staatsmänner Pierre Werner, Jacques Santer, Jean-Claude Juncker. 2013 goufen déi Chrëschtlech-Sozial an d'Oppositioun geschéckt. Si wiere vu Blo-Rout-Gréng verrode ginn, hu sech Parteimemberen deemools beschwéiert. Aus der Afferroll an dem Gejéimers ass d'CSV zanterdeem ni richteg erauskomm.

Elo nom Walsonndeg schéisst d'CSV sech nach emol selwer of. Well d'Konsequenze vun der onglécklecher Walcampagne net gezu ginn. Nom Nationalrot wëll kee méi eppes vun der Néierlag wëssen, et bléift emol alles beim Alen. De Renouveau ass reportéiert.

Freet ee jonk a gestane Parteimembere fir eng Stellungnam, gëtt op méi spéit verwisen. Zefriddenheet a Selbstsécherheet gesinn anescht aus.

An och no baussen hin ass et kee glécklecht Bild. D'CSV schéngt passiv drop ze waarden, datt Gambia II am Sand verleeft.

Esou wéi an de fënnef Joer Oppositioun gëtt gehofft, datt anerer e Fauxpas maachen. Dass sech d'LSAP verrennt. Mä déi huet gutt laachen. Virun der Press sinn LSAP, DP an Déi Gréng e Mëttwoch ganz geschlossen opgetrueden. En demonstrativen Zesummenhalt vun der Dräierkoalitioun, do wou d'CSV personell geschwächt ass.

Et war emol eng staark an houfreg Partei. 1974 war si mat manner wéi 30 Prozent vu sech aus an d'Oppositioun gaangen. Haut riskéiert si un der Onfäegkeet ënnerzegoen, der Realitéit an d'Aen ze kucken. An u partei-interne Muechtspillercher, bei deenen de Claude Wiseler vun anere gedriwwe gëtt. Onschlëssegkeet féiert néierens hin. Weder an d'Regierung nach an eng richteg Oppositiounsroll.