An iwwer déi aktuell Situatioun vum Claude Wiseler a vun der CSV dann elo en Tëscheruff vum nico graf.

AUDIO: Vollekspartei, CS - En Tëscheruff vum Nico Graf

Nodeems d'Wieler, also d'CSV net esou richteg gär haten, gëtt deenen hire Spëtzekandidat vun der eegener Partei nach eng zweete Kéier bestrooft. Et ass gaang, wéi am Asterix: vous êtes volontaires kruten d'Parteizaldoten Wiseler, Spautz an Zeimet vum Nationalrot ordonnéiert. Si musse weider duerhalen, et mat Zizanie probéieren, de futur Koalitionären méiglechst vill Damp maachen, mussen och maachen, wéi wann et nach eng Hannerdier giff ginn, duerch déi d'CSV awer dach nach mat regéiere kéint.

Pläng, déi net wierklech dem Claude Wiseler an dem Laurent Zeimet hir waren. Si wollte goen, de Wee fräimaache fir nei jonk Leit, fir eng programmatesch Diskussioun, fir futur Campagne, déi deen Numm verdéngen. Amplaz krut den aarme Claude Wiseler den Optrag – ech sinn beauftragt ginn, sot hien haut selwer – hien gëtt also gezwongen ze soen, de Match wier nach guer net eriwwer, an der Verlängerung no der Defaite wier nach Allméigleches méiglech. Parteiintern Kritiker vun där Strategie rëselen nach just de Kapp a soen, dat wat do elo leeft, ass alles Moschtert nom Iessen – Moutarde après dîner fir de Franséischproff, les jeux sont faits, rien ne va plus, well d' Roulettekugel ass scho gelant. A firwat dat alles? Well déi Al net kënne lassloossen. Wéi hat d'Luxemburger Wort um Internet getitelt „Alles bleibt beim Alten“ stoung a grousse Buschtawen ënner enger Foto wou déi leibhafteg Spautze Jang, Jacques Santer a Marcel Glesener an der éischter Rei vum Nationalrot ofgemoolt waren. Et huet nach just eng Foto vum Pierre Werner an en Autogramm vum Jean-Claude Juncker gefeelt. Alles bleibt bei den Alten hu se sech am Wort wuel net getraut ze schreiwen. Mä genee dat ass de Fall.

An där Partei ginn d'Strëppe nach ëmmer gezunn vu Leit, déi zwar politesch scheintot schéngen ze sinn, awer monter weiderwibbelen an zum Onwee maachen. Mat dem neie Leader Michel Wolter. Dee sech nach ëmmer fir dee beschten an dee schlausten vun hinnen all hält, dee net verquësst huet, wéi hien deemools net méi an d'Juncker-Regierung komm ass an deen elo seng Revanche hëlt. Et war jo hien, deen de Nationalrot gedréit huet. Dee war an der ubruechter Ënnergangsstëmmung, mä de Misch huet provozéiert an de Claude Wiseler muss elo lächerlech Durchhalteparolen vu sech ginn. Kee Mënsch gleeft him dat neit Krichgebrëlls, well jo jidderee weess, datt hien e Sonndeg den Owend schonn – an zwar zu Recht – opginn hat. An de Laurent Zeimet ass dupéiert. An de Serge Wilmes ass dout, ier e lieft. An d'Martine Hansen ass ferm getéitscht. Alles bei - a vun - den Alten.

Schéin a gutt, datt d'CSV sech nach ëmmer fir déi räichst an déi schéinst Braut op deem Fuesbal do hält. Mä wa kee mat deem Wirsch danze wëll, dann dénge Beauté an Dott näischt. Da muss ee schaffen, fir erëm interessant an attraktiv ze ginn. An zwar net fir iergend e koalitionäre Prétendant, mä fir d'Wieler.

2013 war d'CSV eng Partei, mat där hirem Chef kee méi konnt a wollt. 2018 ass si eng Partei, mat där d'Wieler net méi mat wollten. Dat ass am Fong vill méi schlëmm, geet nach méi un d'Substanz a provozéiert erratesch Manöveren wéi den aktuelle Aktivissem. Si wëlle kämpfe bis zum Schluss. Et ass awer wäit a breet keen do, dee matboxe wëll.

A fir unzefänken, kéinte mir aner Journalisten elo schonn dermat ophalen, eis iwwer d'Vollekspartei ouni Vollek Gedanken ze maachen.