Et ass gewielt, d'Koalitounsverhandlunge lafen, déi, déi verluer hunn, lecken d'Wonnen a froe sech, wat se falsch gemaach hunn. Vu ville Säite gouf op d'CSV an op d'LSAP geschoss.

Déi traditionell Volleksparteien hu jo Plomme gelooss an e Renouveau, deen néideg ass, schéngt evident. Ganz séier gouf do op déi "al Huese" geklappt, déi Mat-Schold wieren, well se net géinge réckelen. De Pit Everling freet sech, wou d'Parteien dann ouni dës "al" Politiker wieren.

AUDIO: Commentaire vum Pit Everling

Wann et schlecht leeft, ass et och iergendwou normal, datt u Still geseet gëtt, am Futtball ewéi an der Politik. Sou gëtt nom Walsonndeg och elo haart gejaut, virun an hannert de Kulissen, datt déi al Generatioun géing un deene Still pechen a keng Plaz wéilt maache fir déi Nei, déi Jonk, déi Frësch mat progressisteschen an innovativen Iddien.

Dobäi maachen déi potentiell Successeuren, d'Press oder soss Hobby-Analysten d'Rechnung ouni de Wieler. Dee fiert zu Lëtzebuerg monter mam Bläistëft duerch d'Lëschten a kräizt déi Käpp un, déi him am beschte gefalen an do gëtt gären op joerzéngtelaang Experienz gesat.

Den eelste Gewielten ass zugläich de beléifteste Politiker am Land. Hien huet grad emol 69 Joer, 10 manner ewéi déi eelst Parlamentarier am Bundestag oder an der Assemblée nationale, just als Verglach. Mir schwätzen natierlech vum Ausseminister Jean Asselborn, deen effektiv scho méi ewéi 3 Joerzéngte wäit vir op der politescher Bühn steet.

Solle mer déi Persoun mat de meeschte Stëmmen am Land an déi politesch Wüst schécken, ass dat de Wielerwëlle respektéiert? Merde alors, géing do deen een oder anere soen.

Besonnesch flagrant ass de Poids vun den "alen Huesen" effektiv beim LSAP-Walresultat am Süden. Huele mer déi perséinlech Stëmme vum Jang, vum Mars a vum Lex ewech, bal 60.000 sinn et der, da wieren déi sécher net opzefänke gewiescht vun neie Gesiichter.

D'Konsequenz wier wuel, datt e weidere Sëtz duerch d'Päif wier. De Xavier Bettel géing dann elo mam Claude Wiseler zesummen an d'Kamerae laachen a vu ville programmatesche Schnëttstellen an engem exzellente Klima bei de Koalitiounsverhandlunge schwätzen.

Och bei der CSV hätte se gären e Generatiounswiessel, dobäi wëlle se eigentlech ee lass ginn, dee scho bal 5 Joer fort ass. A senger Plaz mussen elo vläicht anerer de Kapp fir dat méi ewéi suboptimaalt Walresultat dohinner halen.

Jiddefalls huet bei de Chrëschtlech-Sozialen och de Wieler absolut net bei der Erneierung matgespillt. De Juncker-Verloscht am Süde konnt net mat neie Leit kompenséiert ginn a virun allem déi, déi scho laang dobäi sinn, hu gutt ofgeschnidden, denke mer un d'Häre Spautz, Wolter, Halsdorf, Mosar, Schank, Eicher oder Kaes. Nei Gesiichter um Krautmaart fanne mer der an den CSV-Reie grad emol 3, eent dovun ass déi 67 Joer al Viviane Reding.

An enger Demokratie a besonnesch an engem Panachéier-System ewéi eisem seet also de Wieler dem Politiker, wéini et duer geet, net d'Partei, d'Press oder soss een.

Genee dee Wieler huet par Konter ville Jonken déi rout Kaart gewisen, bei den zwou genannte Parteie bloufen zum Beispill d'Generalsekretären op Walsonndeg op der Streck. Bei der LSAP huet de Spëtzekandidat Etienne Schneider guer net brillant ofgeschnidden.

Déi Jonk musse sech och mat der eegener Nues huelen, déi jonk Parlamentarier aus der leschter Legislaturperiod konnte sech jiddefalls am grousse Ganzen net profiléieren. Déi meescht vun hinnen hunn et trotz Tribünen net fäerdeg bruecht, d'Wieler z'iwwerzeegen, weder mat Charisma, nach mat Inhalter an dofir kann een net onbedéngt just deenen Alen d'Schold ginn.

Wat déi gestane Politiker allerdéngs trotzdem musse verstoen, dat ass, datt et Limitte gëtt.

Et ass elo hir Charge, de Wieler net just vun neien Inhalter, mä och vun neie Leit z'iwwerzeegen an dofir mussen där mat aller Kraaft rekrutéiert an opgebaut ginn.

Well och wann déi "Al" elo nach beim Wieler déi éischt Gei spillen, kënnt iergendwann de Moment, wou dee seet: elo geet et duer a wann da keng gutt Leit hannendru waarden, da geet et monter weider biergof mat de Volleksparteien.

Volleksparteien, bei deenen et souwisou net duergeet, d'Käpp ze tauschen, et muss ee sech méi déifgräifend a Fro stellen a rausfannen, fir wat ee steet a wien een nach usprécht.

E klengen Trouscht ass deen, datt et ville Schwësterparteien am Ausland net besser ergeet.