Et ass zwar ee Sujet, dee grad elo, wou d’Aktualitéit et zouléisst, kann ugeschwat ginn. Mä d’Manéier, wéi en diskutéiert gëtt, gëtt dem Ganzen net gerecht, fënnt d’Nadine Gautier a sengem Commentaire....

Rieds geet vun der gerénger Zuel vu Fraen, déi et direkt an d’Chamber gepackt hunn. Ouni déi, déi noréckelen, sëtzen nämlech “just” 12 Politikerinnen um Krautmaart.

AUDIO: De Commentaire vum Nadine Gautier

Wou ass do de Problem? Déi Fro hunn ech mir gestallt, wéi ech héieren hunn, wéi verschidde Gemidder sech erhëtzt hunn, well esou wéineg Fraen et direkt op de Krautmaart gepackt hunn. Firwat ech mir déi Fro stellen? Ganz einfach, well et mir egal ass, ob Männer an der Chamber sëtzen oder Fraen. Fir mech ass wichteg, datt déi Leit, déi dohinner gewielt ginn, kompetent sinn, sech fir d’Suergen an d’Besoine vun de Bierger asetzen. Ech wëll do net elo ofdriften, mä representativ, ass d’Chamber jo schonn eng Zäit laang net méi, wa mir un d’Representatioun vun eisen auslännesche Matbierger denken.

Ee Beispill d’Ministesch Carole Dieschbourg. Si ass eng Fra, mä onofhängeg vun hirem Geschlecht, mengen ech, datt d’Wieler hir Vertraue geschenkt hunn, net, well se eng Fra ass, mä well se se als kompetent ugesinn hunn. Eng Lydia Mutsch oder Francine Closener kruten dat Vertrauen net. Lo kann een argumentéieren, datt d’Carole Dieschbourg méi Visibilitéit hat, wéi zum Beispill aner Fraen op de Lëschten, an datt am generellen al gestanen Häre vun de sougenannte Volleksparteie méi Visibilitéit haten, wéi soss Politiker, well si och op d’Table ronde geschéckt goufen. Jo, dat maach sinn, mä et huet keen dru gehënnert, sech seng Visibilitéit ze ginn.

De Paul Galles koum zum Beispill an d’Chamber, net well hie vun der CSV op Table rondë geschéckt gouf, mä well hie fir sech versicht huet, Visibilitéit ze schafen, an dat kann all Fra och fir sech maachen. Eng Elisabeth Margue huet et mat hiren 28 Joer zwar esou just net an d’Chamber gepackt, mä si war fir de Bierger, wéi et schéngt, visibel, soss hätt si keen esou ee gudde Score kënne realiséieren. A Visibilitéit heescht net ëmmer alles. Wéi gesot goufen dräi Persounen aus der Regierung net méi an d’Chamber gewielt, an déi waren jo awer déi lescht 5 Joer an der viischter Rei mat dobäi.

Déi leschte Woch huet et an engem Kloertext op RTL-Télé, wou et iwwert d’Schwieregkeet vun de Fraen an der Politik sech duerchzesetze goung, vun den Invitéeë geheescht, datt d’Frae missten zesummenhalen, wann ech et esou pauschal dierft resuméieren. Ech hat wärend der Diskussioun méi wéi eemol d’Gefill, wéi wa Fraen d’Recht ofgeschwat gi wier, geneesou e staarkt Geschlecht ze sinn, wéi d’Männer. Mir mussen hei, mir mussen do… géint hei a géint do. D’Frae goufen an eng Zort Afferpositioun gedrängt, hat ech den Androck, an dat ass eppes, wat ech iwwerhaapt net novollzéie kann. Mir musse guer näischt. Wa mir eis Aarbecht esou maachen, wéi se soll gemaach ginn, da sinn ech iwwerzeegt, datt egal ob Fraen oder Männer, mir déi Unerkennung kréien, déi mir verdéngt hunn. Och dat Tirangsdenken, dat plazeweis vun de Politikerinnen an der Emissioun vermëttelt gouf: Frae wiere méi virsiichteg, Männer wiere méi haart an tough... Mat esou Aussoe kann ech mech net identifizéieren. Et kléngt esou, wéi wann een de Fraen et net géif zoutrauen, sech politesch ze beweisen.

Wa mir eis dorobber konzentréieren, wéi vill Fraen an d’Chamber gewielt goufen, da fannen ech, misst déi Diskussioun eng aner sinn. Net op Geschlechter reduzéiert, mä wéi al a wéi jonk eis Deputéiert sinn, mä och hei alt nees eng net mat Quoten dat duerchdrécken. Ech fannen, datt ee jonke Mann, deen zum Beispill weltoppen, tolerant an net e Macho ass, mech genee esou gutt ka representéieren, wéi eng jonk Fra.

Mä et ass d’Generatiounendenken, dat den Ënnerscheed mécht, deen Equiliber do feelt. Op deem Punkt misst bei de Parteien eppes geschéien. Erneierung : jo! Méi Jonke méi Responsabilitéite ginn, si uléieren, am Plaz, datt eeler Politiker op hirem Stull peche bleiwen.