Mouvementéiert Zäiten an der CDU/CSU

Den Horst Seehofer, den nach-Chef vun der bayerescher CSU, dierf do net méi de Chef sinn. Hie wëll awer Inneminister bleiwen.
Et ass elo dee gewësse Flou, deen et nawell gär gëtt, wann den Horst Seehofer eng Decisioun soll huelen, geholl hunn oder awer net hëlt oder vläicht dach, iergendwann.
A frappant ass dës Kéier awer, datt net hien et war, deen als éischten iergendeppes Floues annoncéiert hat, mä datt et duerchgestach gouf. Léif Parteifrënn hunn es also genuch mat him an haten der Press gesot, de Seehofer wier e Sonndeg schwéier kritiséiert ginn an opgefuerdert ginn, d'Parteipresidence vun der CSU endlech néierzeleeën. Teilnehmerkreise, esou heescht dat dann, hätten der DPA dat gesot, an datt si der DPA dat gesot hunn, dat ass natierlech eng Aart Dolchstouss fir de Seehofer. Duerfir och deem säi queeschen Tounfall, wéi hien e Méindeg d'Saach confirméiert huet. An d'Revanche géint seng kritesch Parteifrënn ass dës: als Inneminister wëll hie bleiwen.
Well an Däitschland gefrot ginn ass, ob de Seehofer iwwerhaapt Minister bleiwe kéint. Well den neien CSU-President Söder ass jo säin alen Intim-Feind a wéi soll de Seehofer zu Berlin d'Stäerkt vun der CSU representéieren, wann hien an där CSU näischt méi ze soen huet.
Et kann ee sech also drop gefaast maachen, datt de Seehofer geschwënn geet, gaange gëtt, genee wéi d'Merkel à la longue net méi Kanzlerin bleiwe kann.
Personalspekulatiounen also. Ugefaange mat der CSU. Do ass ee sech ze soen eens, datt de Markus Söder Nofolger vum Seehofer gëtt. An de Söder, grad mat Krempes a Verloschter a Bayern gewielt, misst am Fong op Berlin goen. Mä Berlin ass e frieme, feindlechen Terrain fir de Söder. Hien hat Wahlkampf géint Berlin gemaach. A wat geschitt mam vill méi liberale Manfred Weber? Deen ass grad gekürt ginn, fir Successeur vun engem gewësse Juncker zu Bréissel ze ginn, no den Europawahlen. An hannert Seehofer a Söder gëtt et elo kéipweis Leit, déi sech fir ministrabel halen an elo hir Chance gesinn, wann eng oder zwou oder dräi Plaze frei ginn.
An der figéierter konservativer däitscher Landschaft, Kanzlerin Merkel, staark CSU, kënnt also elo allerhand an d'Rutschen. Alles natierlech, well d'Walresultater déi sinn, déi se sinn: Zersplitterung vun der Parteielandschaft, staark Gréng, staarken extrem rietse Bord, eng SPD, déi den Tommel huet a kee Fouss méi op de Buedem kritt.
Merkel hallef fort, Seehofer hallef fort oder ganz oder wéi, an hannert béide Kämpf an Dueller, wie wat soll ginn, dat Gemëchels dauert elo nach e bëssen a versprécht och näischt Guddes fir Europa, wou jidder gréisser Decisioun wuel wäert blockéiert sinn. bis déisäit erëm alles kloer ass.