Kleeserchersdag

Um Bord vun de Koalitiounsverhandlunge vu gëschter gouf also eng éischt Personaldécisioun annoncéiert, an zwar dass den Étienne Schneider net als EU-Kommissär op Bréissel wäert goen.
Dat dierft och bis op Weideres déi eenzeg Ukënnegung an deem Sënn bleiwen, mengt den Eric Ewald de Moien a sengem Commentaire:
Wann een den [Klamer op: muss een „nach-“ soen? - Klamer zou] Nohaltegkeetsminister François Bausch gëschter Moien op dëser Plaz an de Formateur Xavier Bettel virum Ufank vun där Reunioun héieren huet, da kann een dovun ausgoen, dass soubal nach näischt aus deene Koalitiounsverhandlungen no baussen drénge wäert, a v.a. net d'Nimm vun den eenzelne Ministeren. Dofir huet et deemno kee Sënn, hei Kaffissazlieserei ze bedreiwen; probéiere mer dofir, eis un deem z'orientéieren, wat bis dato um Dësch läit, wat net vill ass, mä alt emol dat!
E Freiden de Mëtte war an der RTL-Redaktioun Opregung opkomm, nodeems bekannt gouf, dass den Nicolas Schmit net méi mat an d'Regierung, dofir awer op Bréissel wéilt, an dass et den Étienne Schneider och an d'belsch Haaptstad zéie géif. Dee Moment huet sech also ënner Ëmstänn eng Kampfofstëmmung an der LSAP ugedeit, mat ongewëssem Ausgank. Schliesslech hat den Nicolas Schmit schonn e puermol den zweete Präis kritt, wat Posten am Ausland ugeet, sief et z.B. schonn emol als EU-Kommissär zu Bréissel oder als Lëtzebuerger Vertrieder um Europäesche Rechnungshaff. Hätte sech d'Genosse bei enger Kampfofstëmmung géint den Aarbechtsminister ausgeschwat, ëmmerhin eppes wéi den Held vum Index-Kongress vun der Aarbechterpartei, 2010, zu Mutfert an domat fir de Wirtschaftsminister Étienne Schneider, dee villen an der Partei ze liberal ass? Wär dat sou ausgaangen, wéi vun deem anere geduecht? Tëscht e Freiden de Mëtten an en Dënsden am Laf vum Dag dierfte bei der LSAP wuel vill Gespréicher gefouert gi sinn, vläicht fir de Vize-Premier dovun z'iwwerzeegen, dass et besser wär, sech an d'Rei ze stellen, spréch op de Bréisseler Posten ze verzichten an heiheem ze bleiwen, fir domat eng Zerräissprouf fir, e Psychodrama an der Partei ze verhënneren an d'Kris, an där si ass, net weider ze verdéiwen!?
Woubäi sech den Étienne Schneider souwisou an noer Zukunft vill Froe wäert musse gefale loossen, net nëmme vun der Oppositioun, déi déi entspriechend Themae gëschter ewell an d'Diskussioun bruecht huet: Ee Stéchwuert, do, ass Planetary Resources. De Verloscht vun 12 Milliounen €, déi an d'Entreprise virun den Diere vu Seattle an den USA gestach goufen, wërft net nëmmen an der Politik Froen op; dobäi kënnt den Imageschued fir d'Zukunftsflagschëff Space mining! Mä komme mer zréck op de Buedem vun de politeschen Tatsaachen...
Virun Ufank Dezember dierften eis déi an d'Koalitiounsverhandlunge verwéckelt Politiker keng Äntwerten op eis Froe ginn oder awer nëmmen déi, déi se wëllen. Et schéngt sou, wéi wa sech Rout-Blo-Gréng geschwuer hätt, näischt un d'Ëffentlechkeet kommen ze loossen, vläicht fir sech géigesäiteg ze beweisen, dass sech an den nächste 5 Joer deen een op deen anere verloosse kann an de Speis tëschteneen hale wäert, wat bei 31 vu 60 Deputéierten um Krautmaart net vu Muttwëll ass.
Gi mer also mol dovun aus, dass mer eréischt ëm Kleeserchersdag wëssen, ween an der Regierung ass, spréch eppes a säi Schung krut, a ween net, spréch d'Rutt erwëscht huet. Dat, nodeems déi 3 Parteien e puer Deeg virdrun op hire jeweilegen Zoustëmmungskongresser - ausser mir erliewen do nach eng Iwwerraschung, wat awer wéineg wahrscheinlech ass - gréng Luucht ginn hu fir Gambia 2.0. Nach x-mol gi mer schlofen...