An eise franséischsproochegen Nopeschlänner geet et zanter Wochen, respektiv Deeg politesch gesinn drënner an driwwer.

D'Beweeggrënn vun deenen engen an deenen aneren dierften awer nëmme wéineg bis guer keen Impakt op eis Politik hunn, mengt den Eric Ewald de Moien a sengem Commentaire:

AUDIO: Commentaire vum Eric Ewald

Woubäi d'Auserneebrieche vun der belscher Regierung guer keen Impakt op eis Politik wäert hunn. An dat, well Lëtzebuerg - glécklecherweis - nach zu deene Länner an der Europäescher Unioun gehéiert, déi sech keng Fro doriwwer stellen, ob de sougenannten UNO-Migratiounspakt z'ënnerschreiwen ass oder net. Och wann de Premier vun der elo Minoritéitsregierung, Charles Michel, säi Krop ënnert d'Dokument wäert maachen, ass d'belsch Regierung doriwwer gefall, well d'flämesch Nationalisten oder, besser gesot, Separatisten dee Pakt, fir dee se am Summer nach gréng Luucht ginn haten, elo aus waltakteschen Iwwerleeungen eraus net méi guttheeschen. Den Haaptgrond dofir sinn natierlech, d'Parlamentswalen an eisem klengsten Nopeschland am Mee. Virun deem Hannergrond wëll d'N-VA den Hardliner spillen an d'eegen oder och nei Wieler mobiliséieren. Hire Chef Bart De Wever huet erkläert, et wär een net géint Zouwanderung - dat ass jo kee vun de Rietspopulisten an Europa an doriwwer eraus -, awer, Zitat, „géint den aktuellen europäesche Migratiounschaos“; dofir wär et senger Partei net méiglech, deem Pakt zouzestëmmen!

Et muss ee sech froen, ob de Mann virun zwee Joer an de Koma gefall an elo eréischt erwächt ass, well vu Migratiounschaos konnt wuel 2016 Rieds sinn, wéi an der Haaptsaach Afghanen, Iraker a Syrer Schutz bei eis gesicht hunn, net awer elo, wou d'Zuele staark réckleefeg sinn. Den Afloss vu Rietspopuliste wéi zum Beispill och dem Ex-Virdenker vum Donald Trump, Steve Bannon, op d'europäesch Politik weist sech och dorun, dass am Summer nach all d'EU-Memberlänner fir dee Migratiounspakt waren. Elo sinn der awer op d'mannst 7 dogéint. Quo vadis Europa, kann ee sech do froen...

Quo vadis Frankräich, freet ee sech iwwerdeems zanter Wochen. D'Protester vun de sougenannte Gilets jaunes hunn u sech jo mol domat ugefaangen, dass Leit, déi sech finanziell net gutt stinn, rosen doriwwer waren, dass op den 1. Januar d'Pëtrolspräisser unzéie sollten. No an no koumen dunn awer eng 40 Fuerderungen op d'Tapéit, déi bis zum Récktrëtt vum President Emmanuel Macron ginn. Doru gekoppelt ware Protester mat Gewalt a quasi Krichszeenen op de Champs-Elysées; e Samschdeg goufen an deem Zesummenhank zum Beispill ronn 1.700 Leit festgeholl. Ënnert d'giel Gileten hu sech ëmmer méi professionell Onzefriddener a Casseure gemëscht, déi no baussen e Bild vun Desolatioun vu sech ginn:

Et weist virun allem, dass den Hexagon ëmmer méi onfäeg fir Reforme gëtt. An egal wat den Emmanuel Macron mécht, deen e Méindeg den Owend zum Vollek geschwat huet: Hie kann nëmme verléieren. Geet hien ze vill op Fuerderunge vun de Gilets jaunes an, gëtt him dat als Schwächt ausgeluecht, dass hie bei Géigewand ëmfält, och wann deen heftege Géigewand sou indiskutabel a sou komplett donieft ass, wéi deen, deen een e puer Samschdeger noeneen elo scho matkritt. Klamer op: Iwwregens si bei eisen Noperen nach keng Leit dogéint op d'Strooss gaangen, dass dat, wat d'giel Gileten opféieren, sou indiskutabel a sou komplett donieft ass. Klamer zou.

Geet den Emmanuel Macron dogéint net op d'Fuerderunge vun de Gilets jaunes an, gëtt dat him als Arroganz ausgeluecht, dass hien deene klenge Leit net nolauschtert. U sech kënne se zu Paräis an der Regierung bal nëmmen drop hoffen, dass séier Schnéi fält an dat d'Hëtzegkeet vun de giele Gileten ofkillt. Ze kucken, ob also wéinstens d'Meteo dem franséische President favorabel ass. Den Impakt dovun op d'Lëtzebuerger Politik dierft minim sinn, ausser et géif e Politiker op d'Iddi kommen, fir d'Pëtrolspräisser bei eis ëm 25% oder sou eropzesetzen. Mä souguer da géif wuel kaum heiheem e Monument ausenee geholl ginn, wéi den Arc de Triomphe zu Paräis dat d'viregt Woch gouf.