Op der Uewerfläch bliwwen

Den Exercice vun enger Regierungsdeklaratioun ass wierklech keen einfachen: geet een ze vill an den Detail ass ee langweileg, bleift ee bei den iwwerflächleche Fakten ass ee vague - fir de Chefredakter vun RTL-Radio war d'Ried vum Staatsminister an der Linn vun den Aneren, déi ee vum Xavier Bettel héieren huet, mat Schlagwierder gouf net gespuert, mengt de Roy Grotz.
An der Wordcloud, déi dir op eisem Internetsite kënnt nokucke goen, ass u sech anstänneg a korrekt resuméiert, wat Land a Leit en Dënschdeg vum bloe Premier ze héiere kruten: d'Regierungsdeklaratioun mat senge virop grénge Linne gouf nach emol duerch deklinéiert an d'Deputéiert kruten am Usaz erkläert, wat u Gesetzesprojeten op si duerkënnt: et geet ëm Lëtzebuerg, ëm eis Zukunft, et geet ëm de Staat, d'Aarbecht, mee och ëm Politik, Sprooch, d'Kanner, den Transport, de Cannabis - alles Schlagwierder, déi am heftegsten an der Ried vum Xavier Bettel virkoumen.
De Staatsminister bleift sech domat konsequent, versicht net wéi e Jean-Claude Juncker, rhetoresch Pirouetten ze dréinen, mee kuckt mat Wierder a Sätz ze beschreiwen, wat op 240 Säiten festgehale gouf - villes un der Uewerfläch, wéineg bis quasi näischt Chiffréiertes, en Engagement fir Europa an d'Wuel vum Land, en Engagement fir d'Leit am Grand-Duché an d'Betriber, bei deene se schaffen. Vill Suergen oder Ängschte goufen ausgeklamert, en Discours à la Macron, wéi mer en e Méindeg den Owend erlieft hunn, huet d'Bettel-Ried wierklech net misste sinn.
Ech sinn also net enttäuscht ginn, well den Discours mengen Erwaardungen entsprach huet: dës Regierung schafft deen - an hiren Aen - ambitiéise Programm of, a mengen Aen e Programm, deen eist Land an Zäite vu Klimawandel néideg huet, fir mat den ekonomeschen a soziale Contrainten matzehalen - wéi d'Verdeelungsgerechtegkeet garantéiert gëtt, fir dem soziale Rëss an der Gesellschaft entgéint ze trieden.
Wéi sot et de Xavier Bettel: "den Erfollegsmodell Lëtzebuerg muss gestäerkt ginn" - hoffentlech ouni DÉI ze vergiessen, déi direkt heivunner net profitéieren - besser also méi iwwerflächlech ze bleiwen an dann nozeleeë mat Chifferen an Engagementer - vun der Oppositioun dierft dëse Vide, dëse Vakuum un Informatioun zerguttst kritiséiert ginn; un hinnen dann och méi Konkretes ze liwweren an opzeweisen, wou et da misst an hiren Aen a mat wéi engem Wuesstem higoen. Un der Steierreform gëtt dës Regierung duerfir gemooss an dat ass gewosst!