Mat enger Digitalsteier kréie mir digital Gilets jaunes

© Facebook Bill Wirtz
Innerhalb vun der Europäescher Unioun dréckt Frankräich weider op d’Aféierung vun enger Steier op groussen Entreprisen am Digitalberäich. Nach ass kee Kompromëss a Siicht. Een Tëscheruff vum Bill Wirtz.
Viru genee engem Joer war déi Lëtzebuerger Regierung nach géint déi sougenannten Digitalsteier. De Pierre Gramegna sot et misst een um internationale Plang zesummeschaffen a mat Amerika zesummeschaffen. Zënterhier huet d’Regierung sech ëm 180 Grad gedréint an ass elo op der Säit vun der franséischer Regierung.
Frankräich mécht jo besonnesch Drock op dësem Sujet a proposéiert Folgendes: Amplaz Entreprisen am Digitalberäich do ze besteieren, wou se sesshaft sinn, sollen hir Servicer do besteiert ginn, wou se vermaart ginn. Dat trëfft besonnesch Länner wéi Lëtzebuerg.
Irland, Schweden, Dänemark a Finnland si weider géint eng Steier. Däitschland zéckt dës Weideren, well Berlin mengt, dass den Donald Trump et als Attack op amerikanesch Entreprisë wéi Amazon oder Apple gesi kéint an dofir neien Zoll op europäesch Autoe setze kéint. Paräis ass dat egal: Fir de Gilets jaunes doheem ze weisen, dass een déi béis Räich awer elo richteg besteiert, dréckt den Emmanuel Macron weider op dës Propos. A souwisou, wat hu Steierparadäiser wéi Lëtzebuerg da schonn ze soe, geldier? Et mengt een, et wier nees 2008.
Wann Amazon an Europa méi besteiert gëtt, da ginn et zwou Méiglechkeeten: Entweder d’Salariéë kréie manner an der Paie oder d’Clientèle bezilt méi fir hir Bestellungen. Leider sinn et vill ze dacks d’Consommateuren, déi d’Rechnung musse bezuelen an déi sech dann, wéi am Beispill vun de Gilets jaunes, revoltéieren. Lëtzebuerg huet een duebelen Interêt: Op enger Säit duerch eis avantagéis Steierpolitik an op där anerer Säit well et eise Verbraucher net hëlleft, fir ëmmer méi ze bezuelen.
Villäicht gesäit d’Regierung dat, wéi virun engem Joer, deemnächst nees och esou.