Mat Stroossbuerg gouf duerch d'Attentat vu virgëscht eng Stad getraff, déi mam Sëtz vum EU-Parlament an dem Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter e Symbol u sech fir Fräiheet, Respekt an Toleranz duerstellt - och wann et wéideet - ewechkucke geet net - einfach weidermaachen - och net - et gëllt ee Moment nozedenken a sech Verschiddenes bewosst ze maachen. E Commentaire vum Roy Grotz.

AUDIO: Dorunner gleewen ech: Commentaire vum Roy Grotz

En Attentat op Passanten, Touristen a Visiteure vun engem Chrëschtmaart, esou en degoûtant Verbrieche léisst een ouni Stëmm, ouni Téin, mä léisst ee mat enger onheemlecher Roserei zréck virun deem Onversteesdemech vun de Symboler, déi domat attackéiert goufen: d'Fräiheet, déi mer esou gär hunn, d'Individualitéit, op déi mer schwieren, d'Onbeschwéiertheet, mat där mer eis gär duerch d'Liewe beweegen.

Alles dëst futtigeschoss duerch e Mënsch, dee wuel nëmmen am Kapp hat, fir ze zerstéieren, fir Existenze vu Leit auszeläschen, déi et a sengen Aen net wäert sinn, dierfen ze liewen.

Wéi ass mat dëser permanenter Menace ëmzegoen, wann ee weess, datt et eng absolut Sécherheet net ka ginn a wann d'Grenze bannent der EU sollen opbleiwen?

A mengen Aen nëmme konfrontativ a probéieren, esou gutt et geet weiderzeliewen an domat ze weisen, datt all Ugrëff, Waffen a Munitioun et net fäerdeg bréngen, datt eis Valeuren zerstéiert ginn!

Leit, déi mat extremen an extremisteschen Iddien hauséieren, entgéinttrieden an hinne Mënschlechkeet a Solidaritéit entgéintstellen - sou wéi der dat vill Dag fir Dag an der Hëllef a Stäip maache vun deenen, deenen et net esou gutt geet, oder fir déi, déi hir Heemechten hu misse verloossen.

Et kann een esou eng Attitüd als idealistesch a weltfriem ugesinn, mä ech gleewen drun, dass een domat Haass op Mënschen a Verblentheet duerch extremistesch reliéis Usiichte kann entgéinttrieden - dat huet näischt mat Bekéieren ze dinn, mä just zu deem stoen, wat eis ausmécht, an do mécht et Sënn, grad an dësen Deeg mol nees d'UN-Charte vun de Mënscherechter nozeliesen, een Text, dee virun 70 Joer zu Paräis publizéiert gouf - haut nach genee esou aktuell wéi an den Nokrichsjoren. Recht op Fräiheet, op Liewen, de Respekt vun der Fräiheetssphär vu jiddwerengem, Asylrecht, Fräiheet a Gedanken, Gewëssen a Relioun, dat, wat an den 30 Artikelen steet, setzt de Kontrapunkt zu deem, wat mer zu Stroossbuerg erlieft hunn a leider och ëmmer weider nees wäerten erliewen - ech gleewen drun, datt mer duerch d'Anhale vun dëser Charte e Mateneen erreechen, wou Jalousie keng Plaz huet, wou Extremissem e Friemwuert ass a wou ee sech ouni Prejugéen op Neies a Friemes grad wéi friem Leit kann aloossen - e Mateneen, wou negativ konnotéiert a bewosst dirigéiert Debatten iwwert en UN-Migratiounspak einfach och keng Plaz hunn, well ee geléiert huet, datt d'Welt eis all zu gläichen Deeler gehéiert mat deene mer respektvoll sollten ëmgoen.

Dorunner gleewen ech!