Kattowitz: an elo?
Zu Kattowitz matzen an der polnescher Kueleregioun souzen déi lescht Woch nach Vertrieder aus der ganzer Welt beieneen, fir iwwert de Klima ze schwätzen an ze kucken, wéi mer d’Ophëtze vun der Äerd am Grëff behalen. Dës Diskussiounen hunn de Guy Weber zu engem Commentaire inspiréiert.
Der sidd bestëmmt och schonns gefrot ginn:
Wëllt dir, dass sech eppes verännert? Da seet jiddwereen natierlech jo.
Wëllt dir selwer bei Iech eppes änneren? Do strecke mer dann dacks de Kapp an.
Mir hunn alleguerten Angscht viru Changementer. Ob dës Angscht berechtegt ass oder net?
An elo kréie mir nees erkläert, dass et 5 vir 12 ass an dass elo eppes muss geschéien, well soss ass eise Planéit awer definitiv net méi ze retten.
Mer wëssen, dass mer wierklech selwer eppes kéinte maachen. E Beispill betrëfft eis Mobilitéit. Do ass Sputt no uewen. Jiddwereen huet es sat, all Dag am Stau ze stoen. Mä de Gros vun eis klëmmt den aneren Dag awer nees an säin Auto.
Elo kréien mer gepriedegt: Mir däerfen net méi mat engem Diesel fueren.
Och wann een liest, dass duerch d’Bensinner, déi méi kaf ginn, nees méi Kuelendioxyd ausgestouss gëtt an d’Äerd deemno alt erëm méi belaascht gëtt.
Mir gi lues, awer sécher drop getrimmt, fir op Elektroautoen ëmzeklammen. Och wann nach vill Froen rondrëm d‘Ökobilanz vun dësen Autoen opstinn an hir Performance haut nach ze wënschen iwwreg léisst.
D‘Autosconstructeuren an d'Pëtrolsfirme wëllen Ännerungen a se setze se och duerch.
A wa mer méi dacks op den Auto géifen verzichten?
Natierlech wär et méi sënnvoll, wa mer eis zu Fouss, mam Vëlo, mat Bus, Zuch oder Tram op d’Aarbecht, an d’Schoul oder an eiser Fräizäit géifen deplacéieren.
Mä jiddweree mécht fir sech d’Rechnung, ob et sech zäitlech lount. An dës Rechnung geet dacks nach net op.
Natierlech kéinte mer mam gudde Beispill virgoen an eise Kanner et virliewen an se net all Dag mam Privatauto virun der Schoul ofliwweren. Vläit kéimen d’Kanner selwer op de Goût,fir sech aneschters fortzebewegen.
Et wär e gudden a ganz konkreten Usaz.
D’Welt gett domadder net gerett.Mä eis kleng Welt géif changéieren.
Och do kommen valabel Géigen-Argumenter.
De Wee an d'Schoul an op d’Aarbecht zu Fouss oder mam Vëlo. Naja.
D’Wieder an d’Sécherheet maachen dacks e Stréch duerch d’Rechnung. Do soen ech mer: Wa manner Autoen ënnerwee sinn, gëtt de Wee vläicht méi sécher.
Den ëffentlechen Transport als Alternative? Deen ass nach net performant genuch. An do dierft sech och net onbedéngt vill drun änneren. Wann e gratis gëtt.
Global gesinn gouf och zu Kattowitz nom selwechten bekannte Muster verfuer.
Jäizen, dass et net kann esou weidergoen ewéi bis elo.
Veränneren.Selbstverständlech.Dat ass e Must.
Selwer änneren. Dat läit un eis.
Op der Klimakonferenz zu Paräis ass 2015 schonns gejubelt ginn. Et wär den globalen Accord. Geännert huet sech um Terrain bis haut net vill. Leider.