A schonn erëm sabbele se vun Diktatur…

© RTL
Bei der Manifestatioun vum Weekend konnt d'Police eigentlech nëmmen alles falsch maachen, mengt den Tim Morizet a sengem Commentaire.
D'Manifestatioun war also an dat obwuel se net ugemellt war. Esou hätt dës Maniff dierften opgeléist ginn. Domat ass de supposéierte Problem "Diktatur" vun de Versammelten e Samschdeg an der Stad widderluecht. Bei de Protester géint d'COVID-Mesure vun der Regierung hu vill erëm vun der "Diktatur" gesabbelt an där mer zanter engem Joer liewen.
Wien gewuer well ginn, wat et ass, an der Diktatur ze liewen an an enger Diktatur géint eng Regierung ze protestéieren, deem ass eng Rees, soubal dës dann nees méiglech ass, op Hongkong, Myanmar, Moskau oder Minsk recommandéiert.
Onbestridden ass, datt d‘Kritik un allem, wat mam Begrëff Restriktioune verbonnen ass, weider méiglech ass a bléift. Datt déi sougenannte Retter vum Rechtsstaat awer legal Consignë mëssuechten ass net z'akzeptéieren. Demokratie bedeit eebe genee, datt net nëmmen déi eenzel Meenung zielt.
An hei kënnt och d'Police an d‘Spill, dës kann an enger Situatioun ewéi e Samschden nëmmen alles falsch maachen. Léist se d‘Versammlung op, déi am Fong all néideg Konditiounen ignoréieren, da kënnt de Reproche vun iwwerdriwwener Gewalt an der Ënnerdréckung duerch d'Force de l'Ordre séier op. Hält d'Police sech zeréck ass dat och net richteg. Da jäize virun allem déi am häertsten, déi fuerderen, datt d'Leit dach sollen Doheem bleiwen an ophalen de Virus ze verbreeden.
De Wonsch seng Meenung op der Strooss lasszeginn, soll an dierf Kengem geholl ginn. Wien dat Samschdes oder Sonndes wëll maachen, soll dat dierfe kënnen. Mee jidderee muss sech och bewosst sinn, datt an enger Demokratie seng Meenung net eleng zielt – an, datt wann een d‘Gefill huet engem géif net richteg oder genuch nogelauschtert ginn, et net akzeptabel ass d‘Stëmm ze hiewen, aggressiv an/oder homophob, respektiv antisemittesch ze ginn.
Leider war d‘Politik hei och net ëmmer e gutt d‘Virbild fir déi dobaussen, an enger Situatioun ewéi déi, an där mer aktuell liewen, muss ee politesch Decisiounen an Annoncë mat Beduecht, Fakten a virun allem Rou maachen a sech net an Emotioune verléieren.