Wärend de Westen iwwert Impfflichten a Booster-Shots streit, stellt sech eng potentiell gréisser Fro, déi net esou dacks op den Dësch kënnt. Kann et iwwerhaapt national Léisungen zu engem globale Problem ginn? Eng kleng Virwarnung: dëse Commentaire gëtt nautesch.

An Europa an och an den USA gëtt den Ament vill iwwert eng Impfflicht debattéiert. D'Fro, ob mir als Gesellschaft d'Rechter vun deenen Eenzelen iwwert d'Wuel vun der Allgemengheet stellen - an dësem Fall a Form vun enger Impfflicht -  ass net zulescht eng kulturell Fro. Et ass wéineg verwonnerlech, datt an engem hyper-individualiséierte Land wéi den USA, de Widderstand géint d'Impfung an eng Impfflicht méi staark ass wéi an anere Länner.

Mee de Virus huet eis gewisen, datt e sech net vill ëm national oder souguer kontinental Strécher op der Weltkaart këmmert. Wéi d'Grenzen an Europa Ufank 2020 no an no zougaange sinn, huet dat villes bewierkt: Famille goufen ausernee gerappt, de grenziwwerschreidenden Aarbechtsalldag gouf méi schwéier – mee de Virus huet sech trotzdeem an all Eck vun der Welt ausgebreet.

Wou déi éischt Impfstoffer op de Marché koumen, hunn déi Länner, déi déi néideg Moyenen haten, sech ëm den Impfstoff gerappt an e gebunkert. Dobäi gouf an Europa zum Beispill och zum Deel de Verdeelungsschlëssel vun der EU ignoréiert, Länner hunn hir eege Commande gemaach.

Méi aarm Länner hu sech missten hannen an d'Rei stellen. Um afrikanesche Kontinent si bis elo just eréischt ronn 7,75 Prozent vun de Leit komplett geimpft. A Südafrika, wou déi nei Omikron-Variant déi éischte Kéier festgestallt gouf, läit den Impftaux an der Bevëlkerung bei ëm déi 25,3 Prozent. A genee do läit de Problem.

Wärend an de westleche Länner schonn déi drëtt Impfung gesprëtzt gëtt, sinn aneren Deeler vun der Welt emol nach net ee Véierel vun der Populatioun fir d'éischt geimpft. Dat dierf eis net egal sinn.

Booster-Impfungen si jo u sech eng gutt Saach. Mee wann een et gläichzäiteg erlaabt, datt de Virus sech an aneren Deeler vun der Welt rasant verbreet, kritt deen doduerch do och méi Chancen ze mutéieren. Dann ass et just nach eng Fro vun der Zäit, bis déi nächst Mutatioun sech breet mécht, bei där d'Impfung net méi esou gutt wierkt. Doduerch gi letztendlech och déi westlech Impfefforten torpedéiert a mir riskéieren, nees do ze stoen, wou mir virun engem Joer waren.

Ee Verglach: Nodeems Titanic den Äisbierg gerammt huet, goufen am Bauch vum Schëff Sécherheetskompartementer dicht gemaach, fir datt d'Waasser sech net esou séier op den hënneschten Deel vum Schëff sollt ausbreeden. Dat huet awer just dozou gefouert, datt dee viischten Deel ëm sou méi séier ënnergaangen ass. A wéi eng Schiflag dat d'Passagéier op der Titanic bruecht huet, ass eis wuel all nach aus dem Film bekannt. Hätt een d'Waasser sech méi gläichméisseg verdeele gelooss, wier d'Schëff wuel net ausernee gebrach a méi Leit hätte kënne gerett ginn.

Ganz änlech verhält sech et an der Pandemiebekämpfung. Mir westlech Länner loosse séileroueg aner Deeler vun der Welt "volllafen" a mierken iwwerdeems net, datt mir a genee deem nämmlechte pandemesche Boot sëtzen. Dës Pandemie weist exemplaresch, datt et op ee globale Probleem ebe keng reng national Äntwerte ka ginn. Den nämmlechte Prinzip gëllt iwweregens och an der Lutte géint de Klimawandel.

Mat der Covax-Initiativ, déi sech fir eng fair Verdeelung vum Vaccin op der ganzer Welt asetzt, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun sécherlech schonn ee gudden Ufank gemaach.

Och d'Ophiewung vun de Patenter fir d'Corona-Vaccine wier ee Schrëtt an déi richteg Richtung, deen der globaler Impfstoffproduktioun ee Booster-Shot géing ginn. Op d'mannst fänkt Bréissel elo emol un, iwwert esou ee Schrëtt nozedenken. Mee Fakt bleift fir de Moment: Impfstoff huet, wie sech Impfstoff leeschte kann. Vun de medezineschen Infrastrukturen, déi fir esou eng sanitär Kris néideg sinn, emol guer net ze schätzen.

Natierlech kënne mir eis eng gerecht Verdeelung vum Impfstoff och als humanitäre Geste verkafen, wa mir eis doduerch besser fillen. Mee am Endeffekt wier et awer just eng gerecht an néideg Mesure, vun där och mir am Weste géinge profitéieren.