Eng Rees a Brasilien an d'Fro, wien eis Politik soll matbestëmmen

© RTL
D'lescht Woch si Vertrieder vu 5 Lëtzebuerger Parteien 10.000 Kilometer wäit gereest, fir do potentiell Wieler ze treffen. Konkret geet et ëm Brasilianer, déi di Lëtzebuerger Nationalitéit duerch e sougenannte Recouvrement kritt hunn, also doduerch, dass hir Ur- oder Ur-Ur-Grousselteren Lëtzebuerger waren. Eng Reegel, déi net méi zäitgeméiss ass, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Et war en droleg Nouvelle, dass eng Rei Lëtzebuerger Politiker sech op de Wee op Florianopolis a Brasilien gemaach hunn, fir do Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit eise Walsystem ze erklären.
Et ass jo schéin a gutt, datt Leit, déi Lëtzebuerger Originnen hunn, sech deem Land verbonne fillen a sech doriwwer informéiere wëllen. Mä huet déi Verbonnenheet an deen Interessi net jiddereen, deen e puer Joer laang an engem anere Land gelieft huet? Dat als Argument ze huelen, fir Identitéitskaarten ze verdeelen schéngt mir absurd. Oder gi mir dovun aus, datt Leit, déi souzesoe Lëtzebuerger Blutt an hiren Odere fléissen hunn, méi Recht op eng Staatsbiergerschaft hunn, wéi anerer? Méi wéi Leit, déi zanter Joren hei am Land liewen, ma zum Beispill d'Sprooch net genuch schwätzen, fir kënnen d'Nationalitéit ze kréien?
Nationalitéit an d'Rechter an d'Flichten, déi dës mat sech bréngt, dierften dach net un esou ënnerschiddleche Krittäre festgemaach ginn. E Brasilianer, deen zum Beispill mat engem Lëtzebuerger oder enger Lëtzebuergerin bestuet ass an zanter Joren hei lieft, muss en Abiergerungscours maachen an noweisen, datt hie Lëtzebuergesch schwätzt, fir kënnen d'Nationalitéit ze kréien an domat zum Beispill och d'Recht hei e Parlament ze wielen. Déi Konditiounen einfach ewechzeloossen, well viru méi wéi 100 Joer iergendeen an der Famill emol Lëtzebuerger war, mécht fir mech kee Sënn.
An datt Lëtzebuerger Politiker ëm déi hallef Welt reesen fir dohinner Stëmme fänken ze goen, nach vill manner. En plus, well d'Chamber sech 2017 eens war de Recouvrement auslafen ze loossen. Am Exposé des motifs vun der Reform vum Nationalitéitegesetz 2017 steet kloer dran, datt déi ganz Mesure virop bei Leit an den USA an a Südamerika, déi ni zu Lëtzebuerg gelieft hunn, en onerwaart grousse Succès hat, an datt et awer kaum Sënn mécht esou ville Leit, déi just wäitleefeg Lienen mat Lëtzebuerg hunn, d'Nationalitéit ze ginn.
Amplaz kéint ee jo emol domat ufänken, deene Leit eng Stëmm ze ginn, déi eis Gesellschaft och effektiv ausmaachen. Also déi Auslänner, déi all Dag mat eis verzweiwelt no enger Wunneng sichen an nieft eis am Stau stinn, déi hir Kanner mat eisen an d'Schoul schécken a mat eis méintelaang op ee Rendezvous beim Dokter waarden, jee déi wësse wéi eng Defien d'Politik hei am Land huet an deenen et virun allem net egal ass, ob mir dofir eng Léisung fannen oder net.
A wien elo mam Argument vum Referendum kënnt, soll sech wannechgelift d'Fro stellen, wéi de Recouvrement ofgeschnidden hätt, wann dëse per Referendum hätt mussen adoptéiert ginn. Wa mir also indirekt gefrot hätten, ob Leit, déi op engem anere Kontinent liewen, eis Sprooch net schwätzen, Land a Leit net kennen, mä awer e Lëtzebuerger Urgroussbop haten, sollen d'Recht kréien eis Politik matzebestëmmen.