Den Accord aus der Tripartite ass also ënnerschriwwen an et steet fest, wéi der Finanzministesch hire Sputt vu 500 Milliounen Euro, verdeelt gëtt. D’Yuriko Backes hat gesot d’Regierung wéilt mat deene Suen "eppes Flottes" fir d’Leit maachen. Ob dat gegléckt ass oder net sief mol dohi gestallt, op alle Fall ass fir jiddereen eppes mat dobäi, fënnt Dany Rasqué a sengem Commentaire.

Fir déi, déi dringend Hëllef brauchen, mä och fir déi, déi esou eens gi wieren, also déi mat de ganz décke Paien.

Um Ënn huet elo jiddereen eppes vun der Mouk, déi eigentlech keng Mouk war .... och déi, déi se am  Waljoer esou generéis ënnert d’Vollek kënne bréngen.

Commentaire Dany Rasqué

Nämlech Blo, Rout a Gréng, déi ganz genee wëssen, datt och déi Leit wiele ginn, déi keng Kaddoen néideg hunn an der genee dofir awer kruten.

Net datt deen een oder aneren dräi Méint virun de Gemengewalen a 7 Méint virun de Chamberwalen nach queesch gi wier.

De Risiko datt déi, déi näischt kritt hätten, dat an e puer Méint nach kéinte wëssen, war einfach ze grouss.

A fir datt nom Kaméidi ugangs dës Joers och erëm Fridden an de "Koalitiounsstot" kënnt – oder anescht ausgedréckt, fir datt Rout a Gréng net op d’Barrikade ginn wann d’Finanzministesch d’Strenz hëlt, hu si dierfe matschwätzen, wéi et drëm gaangen ass wéi een d’Kaddoen elo ënnert d’Leit bréngt.

Déi Gréng kënnen am Logement mat Drëpsen op de waarme Steen punkten an déi Rout kënne sech op de Fändel schreiwen, datt si dofir gesuergt hunn, datt och de Mëttelstand net vergiess ginn ass an de Steierbarème op d’mannst zum Deel, wann och zu engem Klengen, un d’Inflatioun ugepasst gëtt.

Et muss een natierlech  och eng Kéier zefridde sinn an eigentlech wees ee jo, datt brav Parteizaldote wéi den Dan Kersch bei der nächster Geleeënheet souwisou erëm mat kalem Krich dreeën, wann déi kal Progressioun net integral berengegt gëtt.

Déi rout Parteizaldoten schéngen, op d’mannst an de leschte Wochen, och Argumenter gehat ze hunn, deenen déi Liberal einfach net konnte widderstoen.

De Premier, deen an der Tripartite iwwerhaapt net iwwert eng Upassung vun der Steiertabell wollt schwätzen an d’Finanzministesch, déi nach virun zwou Wochen hei op der Antenne gesot huet, eng Upassung wier net responsabel, hu sech et spontan anescht iwwerluecht.

Vläicht hat d’LSAP se drun erënnert, datt am Koalitiounsaccord eppes vun enger grouss ugeluechter Steierreform stoung an datt et d’DP war, déi 2018 am éischte Kapitel vun hirem Walprogramm versprach hat, sech fir en neutrale Steiersystem asetzen, onofhängeg dovunner wéi d’Mënsche wëllen zesummeliewen an d’Steiervirdeeler onofhängeg vu Mariage oder Pacs maachen.

Mä dat ass de Sand, deen een de Leit 2018 an d’Aen gestreet huet an -et ass gewosst- Covid 19 an d’Bomme vum Putin stoungen net am Koalitiounsaccord.

De Solidaritéitspak 3.0 kann een elo huele fir enttäuschte Wieler driwwer ewech ze tréischten, datt een net alles kann halen wat ee versprécht an datt een trotz schwieregen Ëmstänn net näischt gemaach huet.

Am Hibléck op déi nächst Walprogrammer, un deene queesch duerch d’Parteie geschafft gëtt, sollt ee genee dat an deenen nächste Méint am Hannerkapp behalen a sech net vu Sloganen beandrocke  loossen.

Och wann der DP hiren "no bei dir!" bei deem engen oder anere fir Héngerhaut kéint suergen.