Den gehypeden Text-Bot "ChatGPT" huet bei engem Opnamexamen fir Medezinsstudenten an den USA gutt ofgeschnidden.

Fir d‘Abiturprüfung a Bayern goung et zwar net ganz duer. Ma e Commentaire iwwer d‘Limitatioun vun der Vitess op de Lëtzebuerger Stroossen wäert déi kënschtlech Intelligenz jo awer ronn kréien. Dat huet de Pierre Jans sech geduecht an ChatGPT genee domat beoptraagt.

Dat ass dach herrlech. Amplaz mir selwer vill Méi ze maachen, meng Gedanken a Wierder ze faassen, loossen ech déi kënschtlech Intelligenz fir mech schaffen. Dofir ass se dach do, nee?!

An als déi am wäitsten entwéckelt KI gëllt ChatGPT.

Am Jargon „Chatbot“ genannt. Si ënnerhält sech mat Mënschen, léiert bäi a kann Texter schreiwen. Jiddereen huet Accès op ChatGPT. Am séiersten ass de Bot am Engleschen. Lëtzebuergesch versteet en, mä manner gutt. Franséisch geet besser:

écrivez commentaire sur la limitation vitesse au luxembourg“

Dat war wéinst de rezenten trauregen Nouvellen vun eise Stroossen mäin éischte Kommando. De Bot brauch net laang nozedenken a fänkt u mat tippen. Hei en Echantillon aus dem Franséischen iwwersat:

D‘Vitesslimitatioun zu Lëtzebuerg ass eng wichteg Mesure fir d‘Sécherheet op de Stroossen z‘assuréieren an d‘Zuel vun Accidenter ze reduzéieren. D‘Lëtzebuerger Regierung huet appropriéiert Limitatioune fir déi verschidden Typpen vu Stroossen decidéiert.“

De François Bausch hätt et besser net kënne soen. Schreiffeeler waren och keng dran - fir Hausaufgaben also extrem interessant. Sproochlech ass och alles korrekt an d‘Sätz erginn Sënn. Mä et ass schrecklech fad. ChatGPT schreift weider, dass d‘Ëmwelt geschount géif ginn, wa manner op de Gas getrëppelt gëtt. An dass um Enn awer deen hannert dem Steier responsabel fuere muss. Zimmlech iwwerflächlech.

Zweete Kommando dann: „écrivez arguments contre limitation de vitesse“

Wann all Automobilist esou responsabel wär wéi ChatGPT…

D‘Sécherheet op der Strooss hätt absolutt Prioritéit, betount en op Neits. Huet eng kënschtlech Intelligenz en eegene Wëllen? Ech weess et net. Mä ech hunn d‘Gefill, dass de Bot just schwéieren Häerzens op meng Demande ageet:

„D‘Vitesse ze limitéieren, ka fir Frustratioun an Ongedold bei de Chaufferen suergen, virop op laangen a riichte Stroossen ouni Trafic. Dat kann zu geféierlechem respektiv aggressivem Fuerverhale féieren.“

Kann, mä muss net: am Ganzen lëscht den Chatbot fënnef relativ vag Argumenter géint den Tempolimitt op.

Fir den Ufank awer net schlecht. ChatGPT weess vill an en huet virun allem eng kloer Meenung artikuléiert: En huet mir e Commentaire pro Vitesslimitatiounen opgedëscht. Leider en extrem langweilegen.

Ech muss also nach eng Zäit selwer tippen. Bis de Bot mat Sécherheet geschwënn och kreativ Commentairë schreiwe kann. An iergendwann wäert ech vläicht frou sinn, wann ech der nach selwer schreiwen däerf.