Ass de Streckeradar op der A7 demesuréiert?

Dat schlëmmt Evenement am Neiduerf weist: Schro Accidenter bereede Leed a bleiwen e Problem. Dofir muss d'Thema Verkéierssécherheet onbedéngt weider op der politescher Lee stoen, fënnt de Pit Everling. E Mëttwoch trëtt par Konter eng Mesure a Kraaft, iwwer déi de Kommentator vun en Dënschdeg éischter de Kapp muss rëselen. Op der A7 gëtt an 3 Tunnellen iwwer de ganzen Trajet d‘Vitess gemooss.
Den zoustännege Minister huet sécherlech Meritter, net just an dësem Beräich. Ma hei schéisst e kuerz viru senger Regierungspensioun awer bëssen iwwer d'Zil eraus.
Kontroll a Repressioun sinn zwar e wichtege Bestanddeel vun der Verkéierspolitik a Radare si bestëmmt kee Moyen, fir d'Staatskeesen ze fëllen, sou wéi dat vu verschiddene Säite behaapt gëtt. Ma hei gëtt dat existent Gesetz awer zimmlech wäit ausgeluecht. E politesche Prozess wäert et leider net ginn. Et wäert een déi aner politesch Faarwen net dozou héieren.
Bei sou enger dach drastescher Mesure ass et wichteg, datt se gerechtfäerdegt gëtt. A genee do läit d'Kromm e bëssen an der Heck, wann ee genee kuckt. Firwat gëtt hei mat Kanounen op Spatze geschoss? Firwat ginn zegdausend Leit, déi all Dag Aller-Retour schaffe fueren, op engem Trajet vu bis zu 15 Kilometer ënner Generalverdacht gestallt a vum Staat elektronesch iwwerwaacht? Dat muss een net normal fannen, och net am Numm vun der Verkéierssécherheet.
D'Fro, déi sech stellt, ass déi vun der Verhältnesméissegkeet. Grad ewéi bei der Stäreplaz kann och hei de Ministère déi prezis Chifferen net liwweren iwwer eventuell schwéier Accidenter, déi d'Mesure solle rechtfäerdegen. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Max Hahn gëtt zwar eng Zuel genannt, mä weider keen Detail.
Wie selwer bëssen inoffiziell recherchéiert an nofreet, fënnt fir déi lescht Jore mol ee ganzt schwéiert Accident bannent engem Tunnel a fir de Rescht virun allem Rempler, déi moies am Stafelter am alldeegleche Stau geschéien.
Zënter hirer Existenz stiechen d'Tunnellen op der A7 op alle Fall kenges Falls negativ eraus, wat Verkéierssécherheet ugeet. Aus Sécherheetsgrënn - ënner anerem Brandgefor - gëtt et en top-moderne Sécherheetsequipement an an de 6 Réier ass jo och just 90 erlaabt an net 110 oder 130km/h. A verschiddenen aneren europäesche Länner däerf an Autobunnstunnelle méi séier gefuer ginn.
Wien d'A7 reegelméisseg fiert, weess, datt Verschiddener heiansdo e schwéiere Fouss hunn. Ma dat hätt een anescht kënne reegelen ewéi mam Briecheisen. Verstäerkt op Policekontrolle setzen, e Streckeradar an engem vun den Tunnellen, oder en normale Radar an den 3 Tunnellen, dat hätten éischt adequat Géigemesurë kënne sinn.
8% vun den Accidenter zu Lëtzebuerg geschéien op Autobunnen. Dat seet d‘Editioun "Regards" vum Statec vum November 2022. Wien do weider bliedert gesäit, datt vill Problemer anerwäerts leien: Geféierlech Landstroossen, Kollisioune mat Beem, Chutte mat Motorrieder, Situatioune mat Foussgänger. Do ass zwar villes geschitt an de leschte Joren, mä fir op deene Plaze sënnvoll Léisungen ze fannen, ass net esou einfach, wéi Tunnelle mat moderner elektronescher Surveillance-Technik ze equipéieren.
Vill Chauffeuren, déi all Dag wéinst falsche Planungen op den zwee Enner vun der deierer Strooss an décke Stauen halen, dierfte souwisou schonn déck genervt sinn a sech elo zousätzlech kujenéiert fillen, datt de Staat elo och nach bei de bis zu 6 Tunnel-Faarte streng iwwer d‘Schëller kuckt. Vum Dateschutz schwätze mer guer net.
Fir all déi Leit gëtt et awer e klengen Trouscht. Ganz dacks kënne si guer net geblëtzt ginn, well d‘Tunnelle wéinst Botz- a Maintenance-Aarbechte gespaart sinn.