Vum Amateurismus bei de Professionalismus: et muss e Mentalitéitswiessel am Lëtzebuerger Sport kommen!

"Mir sinn Amateuren, mir spille wéi Amateuren a mir bleiwen Amateuren", dat ass d'Ausso vun engem frustréierten Tommy Wirtz gewiescht nom desolaten Optrëtt vun der Lëtzebuerger Handballnationalekipp an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint an an der Tierkei. De Kapitän vun der FLH-Formatioun weess och, wéi et besser kéint a misst sinn... schliisslech huet hien als Profi an Däitschland gespillt an do gesinn, wéi et ass. A sengem Tëscheruff seet de Franky Hippert, datt d'Lëtzebuerger Sportswelt esou séier wéi méiglech e Mentalitéitswiessel brauch.
De Saz vum Tommy Wirtz spigelt d'Realitéit, wéi de Gros vun der Lëtzebuerger Sportswelt funktionéiert, ganz gutt erëm... an dat gëllt esouwuel op administrativem wéi och op sportlechem Plang. Hei am Land muss een, wann een den Uschloss un déi international Konkurrenz net wëll verpassen, vun der Amateurmentalitéit ewech kommen a vill méi professionell ginn... méi professionell, heescht net méi Profispiller hei am Land, mä einfach wat d'Astellung ugeet.
Eng professionell Astellung ass eng Liewensastellung mat all senge Facetten, Hygiène de Vie, Training, Preparatioun virun enger Kompetitioun asw, wann ee Sportler ass... an eng professionell Astellung ass, wann een als Fonctionnaire versteet, wat d'Besoine sinn, fir datt d'Sportler sech beschtméiglech preparéiere kënnen, an och an alle Beräicher beschtméiglech ënnerstëtzt ginn, a sech komplett op hire Sport kënne konzentréieren.
Zanter Joerzéngten ass an der nationaler Sportswelt eng Duerfmentalitéit, datt awer fir op den héchsten Niveau ze kommen, a fir duerno dann och do international ze konkurréieren, all Prozent, all Puzzelstéck wichteg ass, gesinn déi mannste Responsabel an de verschiddene Federatiounen esou an... wéi solle se och... et ass kee Reproche un déi Benevollen, déi do sinn... Déi Allermeescht kommen aus lokale Veräiner an haten oder hu ganz wéineg mam internationale Professionalismus ze dinn. D'Futtballfederatioun ass déi, déi am professionellsten opgestallt ass... natierlech huet ee bei der FLF duerch d'UEFA an d'FIFA och déi néideg finanziell Moyennen.
Wann een als Land awer gären hätt, datt och an deenen anere Sportaarten d'Resultater besser ginn, an ee mat der internationaler Konkurrenz matgoe kann, da muss een deenen anere Federatiounen déi finanziell Mëttel bereet stellen. Op deem doten Niveau geet et an engem Verwaltungsrot net drëms, wéi vill Grillwurschte sollen akaf ginn. Ma et geet ëm Strukture fir eng performant Jugendaarbecht opzebauen, mat engem kloer duerchduechte Konzept an uewen der Spëtzt déi beschtméiglech Viraussetzungen ze schafen, datt een positiv Resultater ka realiséieren.
Hei ginn et mëttlerweil eng Rei wichteg national Puzzelstécker... De Sportlycée ass een dovun, iwwregens ginn et do awer an der Kantin nach ëmmer Freides Fritten... den LIHPS, d'Institut fir den Héichleeschtungssport mat all senge Servicer, ass e weideren. Et ass also extrem wichteg, datt dee Mentalitéitswiessel an der Lëtzebuerger Sportswelt kënnt, soss riskéiert een, datt an de meeschte Sportaarten d'international Konkurrenz fortleeft, well déi hunn déi professionell Mentalitéit, déi am Lëtzebuerger Dictionnaire nach e Friemwuert ass. Et kann een deemno soen, datt d'Lëtzebuerger Sportswelt gäre mat de groussen internationalen Hënn pisse geet, de klenge roude Léiw d'Been awer net richteg an d'Luucht kritt.