Et ass eent vun deene Themen, bei deem d'Emotioune séier héichkachen: d'Erzéiung respektiv d'Kannerbetreiung.

A sengem Commentaire plädéiert d'Claude Zeimetz fir méi Éierlechkeet a manner Ideologie an der ëffentlecher Diskussioun.

D'Fuerderung no enger Unerkennung fir Familljen, déi hir Kanner doheem versuergen, ass an de leschte Méint ëmmer nees rëm komm. E Mëttwoch gëtt an der Chamber ëffentlech eng weider Petitioun debattéiert. Déi vill Ënnerschrëften op en Neits weisen, datt sech eng ganz Partie Leit dovunner ugeschwat fillen. D'Reaktioune bis elo sinn awer dacks ze vill schwaarz a wäiss. An d’Realitéit dach meeschtens gro.

Et ass genee sou falsch fir ze soen, datt Friembetreiung an all Fall gutt fir d'Entwécklung vum Kand ass, wéi ze behaapten, datt all Kanner besser doheem versuergt wieren. Et wäert mer jo wuel kee falsch maachen, datt de Gros vun den Elteren awer drëms beméit ass, fir hiren Nowuess no beschtméigleche Moyenen z'erzéien an ze betreien an tëscht Betreiung ausser Haus, Aarbecht an Zäit doheem hin an hier jongléieren.

An der ëffentlecher Diskussioun gëtt et fir den Ament awer schéngs eng Tendenz fir mat Extremer z'opréieren. Do geet da Rieds vu klenge Butzen vun dräi Méint, déi 12 Stonnen den Dag déi ganz Woch laang an der Crèche geparkt géifen, vun ëmmer méi verhalensopfällege Kanner an Elteren, déi sech hirer Eltereroll entzéien. Datt een d'Elteren duerchaus méi an d'Verantwortung huelen an och nach méi sensibiliséiere kéint, doriwwer léisst sech sécher streiden.

Fakt ass: D'Politik huet sech bis elo schwéier gehitten fir bei der Kannererzéiung matzeschwätzen. Grouss ugeluechte  Campagnen fir z'erklären, wéi wichteg Bindung am Klengkandalter ass, hunn ech bis elo nach keng gesinn. Oder firwat ee besser mat sengem Kand schwätze soll, wéi him en Ecran dohinner ze halen. Absolut net vu Muttwëll wier, och fir oppen an éierlech iwwer d’Schwaachstellen am System ze schwätzen: Diskrepanzen an Ausreize vum Betreiungsschlëssel, inflexibel Kontrakter, d'Dauer vun den Agewinnungsphasen oder och de wierklech grousse Personalwiessel.

D'Qualitéit vun der Kannerbetreiung ass net iwwerall d'selwecht.

An dat ass e Problem, wa primär Proximitéit an Disponibilitéit  iwwert d'Struktur decidéiert, där ee säi Kand uvertraut. E Problem, deen d'Politik ugoe misst.

Den Educatiounsministère huet d'lescht Woch eng éischte Kéier en Deel Chiffere geliwwert, fir d'Dauer vun der Betreiung e bëssche méi konkret z'erfaassen. Aus deene geet ervir, datt déi grouss Majoritéit vun de Kanner am éischte Liewensjoer doheem versuergt gëtt. De Prozentsaz ass déi lescht Joren souguer eropgaangen, d’Stonnenzuel vun der Betreiung goung allgemeng erof. Bedauerlech ass allerdéngs, datt dës Chiffere just de konventionéierte Secteur rëmspigelen.

Privatcrèchen, déi ëmmerhin awer d'Hallschent am Klengkandberäich ausmaachen, ginn net erfaasst. Dobäi géif et grad hei nach Verbesserungsbedarf an och e Besoin, fir méi genee hinzekucken. Et héiert een ëmmer rëm vu Privatcrèchen notamment, dee keng Kanner huelen, déi just punktuell, zum Beispill zwee Deeg an der Woch eng Crècheplaz bräichten. Dat dierft dach net sinn. Respektiv sinn Eltere gezwongen, fir méi Stonnen ze bezuelen wéi déi, déi se reell an Usproch huelen.  Et géif also genuch fir konstruktiv drop ze schaffen, amplaz just e schlecht Gewëssen ze maachen.