Loosst d'Duerf am Majorzsystem!

Zu Lëtzebuerg gëtt an de Gemenge nom Proporzsystem gewielt, esoubal d'Zuel vun 3.000 Awunner iwwerschratt ass. Dee Seuil muss méi héich ugesat ginn, fënnt de Marc Hoscheid a sengem Tëscheruff.
Zu Lëtzebuerg kennt jidderee jiddereen. Och wann d'Awunnerzuel vum Grand-Duché bestänneg weider klëmmt, ass dee Saz zu groussen Deeler awer nach ëmmer wouer. A ganz bestëmmt a Landgemenge mat wéinegen Awunner. An dorënner falen net nëmme Gemenge mat manner wéi 3.000 Awunner, mee och nach därer mat zwee, wann net mat dräimol esou vill. Dowéinst sollt de Seuil, vun deem u vum Majorz- an de Proporzsystem gewiesselt gëtt, och definitiv ee gudde Krack eropgesat ginn.
Et ass hautdesdaags scho schwéier genuch Leit ze fannen, déi bereet sinn, sech an der Politik ze engagéieren. Wann een d'Leit dann nach derzou zwéngt, sech als Member vun enger Partei ze outen, dréit dat net grad zu enger Verbesserung bäi. Da gëtt nämlech séier aus dem Pit dee Rouden, aus dem Sarah dat Schwaarzt an aus dem Fränk dee Gréngen. An och Biergerlëschte sinn net fir jiddereen eppes. Et ginn ebe Leit, déi sech net an eng Schabloun presse loosse wëllen, mee einfach fir sech selwer stinn. An der Gemeng Housen huet beispillsweis an der Zäit ëmmer ee Mann mam Spëtznumm Cok kandidéiert. Op sengem Auto stoung "Je suis le plus beau Coq de mon village" geschriwwen. De Mann koum zwar ni an de Conseil, ma e krut all Kéiers seng puer Honnert Stëmmen. Op eng Lëscht hie gewollt hätt, mee virun allem op hien op eng Lëscht gewollt hätt, woen ech ze bezweifelen. Esou Anekdote gehéieren zum ländleche Charme derzou.
Wann d'Inneministesch Taina Bofferding méi Proporzgemenge wëllt, well dee System an hiren A méi transparent ass, da soll si sech méi derfir asetzen, datt duerch Fusioune Gemenge mat enger Gréisst entstinn, déi deen Numm och verdéngt hunn. Datt et no de Walen nach ëmmer 100 Gemengen zu Lëtzebuerg wäert ginn, ass definitiv net méi zäitgeméiss. Dat éiweg an d'Feld gefouert Argument, datt Fusioune vun ënnen erop wuesse mussen an ze vill Drock vun uewen nëmme schiedlech wier, wierkt ëmmer méi wéi eng bequeem Ausried. Datt een eng Fusioun nämlech och vun ënnen erop widder d'Mauer renne kann, hu se an de leschte Joren an der Nordstad bewisen.