Fir all Bobbo eng Pëll

Wat maache mer géint Enkpäss an de Spideeler oder bei den Dokteren? D’Leit besser opklären a mol endlech op Preventioun setzen, wënscht sech d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.
"Mir sinn all e bëssen ze déck"... mat där Ausso ass mer 2016 den deemools neien Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit an engem vu sengen éischten Interviewen opgefall. Ah...een, dee seet, wéi et ass a wou ee vun de Problemer läit, hunn ech mer geduecht. Mä eise Gesondheetssystem ass awer déi lescht Joren zum groussen Deel e "Krankesystem" bliwwen.
Symptomer gi behandelt
Zanter zeg Jore scho gëtt an der Gesondheetspolitik dervu geschwat, datt méi op Preventioun soll gesat ginn. An der Realitéit deet sech awer net vill. D’Krankekeess ass zwar haut d’Gesondheetskeess, mä nawell rembourséiert se éischter d’Bluttdrocksmedikamenter an net de Fitnesszenter. D’Doktere sinn och dacks op där Schinn ënnerwee. Symptomer mat Medikamenter behandelen, amplaz de Problem unzegoen an de Patient mat an d’Boot ze huelen an ze responsabiliséieren. De Bobbo gëtt behandelt, mä et gëtt net wierklech gekuckt, wou de Bobbo hierkënnt. Eng gesond Ernierung a genuch Beweegung ... bei deene Basics hapert et bei ville Leit. Den Dokter kläert och meeschtens net doriwwer op. Zäit ass net do oder gëtt sech net geholl a fir de Patient géif dat och méi "Aarbecht" bedeiten ... also hoffe mer dat Bescht, loossen eis et gutt goen a reagéiere mat Medikamenter, wann de Problem bis do ass.
Opklärung iwwer iessen, fëmmen an Alkohol
Ech sinn deels och net besser, dat ginn ech gären zou. Mä ech ka mech awer net nëmme bekloen, datt ech net séier genuch iergendwou bäikommen oder Medikamenter an der Apdikt feelen a selwer näischt fir meng Gesondheet maachen. Iessen, fëmmen an Alkohol...ech weess, ech si lo de Spillverdierwer an d’Spaassbrems, mä ech erwaarde mer vun enger Gesondheetspolitik einfach méi Opklärung a Preventioun. Nach viru Corona hat den deemolege Gesondheetsminister Etienne Schneider en Alkoholsplang duerch de Regierungsrot bruecht. Dee war scho schwaach, mä iwwert de Problem Alkohol huet een zanterdeem näischt méi héieren. Tubak...do ass och scho laang näischt méi geschitt. D’Fondatioun Cancer mat 36 Partner huet elo d’Initiativ geholl fir eng «Generatioun ouni Tubak» bis 2040. Déi Wegwerf-E-Zigaretten, d’Vapen, mat séissem, kënstlechem Goût, - d’Alkopops vun den Zigaretten - huet d’Politik déi um Schierm? D’Industrie, den Handel an de Konsument fir d’Thema Zocker sensibiliséieren...dat misst jo theoretesch extra gutt goen, wann een och nach d’Soe beim Konsumenteschutz huet.
Ganz staark Lobbyen
Mir hunn haut eng héich Liewenserwaardung - bal 85 Joer als Fra - mä d’Zil muss et dach och sinn, gesond al ze ginn. An do ass nach vill Loft no uewen. An der Kriibs-Fréierkennung si mer net sou schlecht. Eis Gesondheetskompetenz kéint sech awer staark verbesseren. Da ginn ënnert anerem d’Leit och manner an d’Urgence wéinst engem Problem, deen net dohi gehéiert.
Ech weess, datt d’Theorie vill méi einfach ass wéi d’Praxis. Et gi vill Partikularinteressen a ganz staark Lobbyen. Et däerf een och näischt verbidden, fir keen ze vergraulen. Mä datt dann d’Politik nokuckt, wéi egal wat op de Marché kënnt, op Käschte vun der Gesondheet vun de Leit a besonnesch de Jonken, dat kann et jo wuel och net sinn.