Fréijoersbotz an der Stad Lëtzebuerg

Zu gewëssen Auerzäiten an op gewësse Plazen an der Stad Lëtzebuerg soll d’Heesche jo an Zukunft verbueden a bestrooft ginn. Dat huet d'DP an d'CSV rezent am Gemengerot decidéiert an eng helle Wull u Reaktiounen an Diskussioune lassgetrëppelt. D’Claudia Kollwelter gëtt bei all deem d’Gefill net lass, datt op en neits per Force versicht gëtt, e Bild vun der Stad Lëtzebuerg ze schafen, dat absolut näischt mat der Realitéit ze dinn huet...
Ech maache mir d’Welt esou wéi se mer gefält – dat Gefill hunn ech heiansdo wann ech op dem traditionelle CityBreakfast vun der Stad Lëtzebuerg sëtzen an d’Press op en neits erzielt kritt, wéi schrecklech d’Situatioun an der Stad an op der Gare ass an d’Police onbedéngt méi agräife misst. D’solle keng Léit méi an den Agäng vu Wunnengen oder Butteker leien, d’solle keng Leit méi op der Strooss sëtzen an no Sue froen, d’solle keng Leit méi op der Gare op an of trëppelen a mat Drogen dealen. Dat wier jo schéin, wann et dobäi tatsächlech ëm déi Leit géif goen, ëm de Versuch, d'Schéier tëscht Aarm a Räich méi kleng ze kréien, an net just ëm d'Suerg vum Image vun der Stad.
Mä nee, et schéngt méi einfach a confortabel mat den Ängschte vun de Leit ze spillen, vun Onsécherheet a Kriminalitéit ze schwätzen, wéi sech d'Fro ze stellem, wien déi Persoun iwwerhaapt ass, déi op der Strooss wunnt, déi keen Daach iwwert dem Kapp huet, déi keng aner Léisung huet wéi Passanten no Suen ze froen, a wisou si do ass wou se ass?
D'Geschichte vun deene Persounen si ganz ënnerschiddlech an individuell, ma gemeinsam hu se, datt se an enger extrem prekärer Situatioun sinn a sécherlech net aus puerer Freed viru Geschäfter schlofen oder an der Groussgaass sëtzen an no Mënz froen. Wou ass eis Solidaritéit mat deene Leit, wann mer elo higinn an se verdreiwen a bestrofen? Ech well heimat net kleng schwätzen datt et fir verschidde Geschäftsleit oder Awunner ëmmer rëm ganz desagreabel Momenter a Situatioune ginn an et sécherlech net ëmmer evident ass. Mä dofir jiddereen an en Dëppe geheien, ass awer och keng Léisung. Leit mat méi oder manner Respekt ginn et iwwerall, net just op der Strooss!
D'Devis vum DP-CSV Schäfferot schéngt awer ze sinn: komm mir blosen eng Fro zu engem risege Problem op. Datt et awer keng allgemeng Léisung gëtt, dat well kee soen. Virum Heeschverbuet war et de Plazverweis oder privat Sécherheetsfirmen, déi fir Uerdnung sollte suergen - sou Sujete polariséieren a lenken natierlech och vun Thematiken of, déi manner gär ugeschwat ginn, fir déi politesche Wëlle gebraucht wär. Logement oder Mobilitéit zum Beispill, Sujete fir déi d’Stad Lëtzebuerg honnerte Millioune Reserven huet.
Mä dobäi kënnt, datt een hei och mol net vun enger Léisung schwätze kann, well d'Aen virun engem Problem zoumaachen huet nach ni zu eppes gefouert. Sans-Abrisen an Heescherte gehéiere schonn éiweg zu grousse Stied dozou a wäerten och ni wierklech aus deenen eraus verschwannen. Haalt also w.e.g op se all ze verdäiwelen an ze notzen, fir puer Wieler z'iwwerzeegen, datt der eppes fir se maacht. An de nächsten 2 Méint virun de Gemengewale kéinten d'Politiker sech op aner Sujete konzentréieren, amplaz verzweiwelt Problemer erop ze beschwieren.