D'lescht Woch huet de Gesondheetsministère eis matgedeelt, dass si selwer net wëssen, wéi vill Kannerdokteren hei am Land aktiv schaffen. D'Police kann net soen, ob d'Zuel vun de Messerattacken hei am Land an d'Luucht ginn an de Logementsminister Henri Kox äntwert op eng Parlamentaresch Fro mat 30 weidere Froen, op déi ee keng Äntwert huet. Ma weess eise Staat iwwerhaapt eppes iwwer Lëtzebuerg?

Weess de Staat iwwerhaapt eppes iwwer Lëtzebuerg?

D’Paulette Lenert huet am Dezember an enger Äntwert op eng Parlamentaresch Fro vun 137 Kannerdoktere geschwat, déi hei am Land schaffen. D’Santé huet doropshi preziséiert, dass dovunner awer 10 Dokteren an der Recherche aktiv sinn an 127 Pediateren zu Lëtzebuerg exerzéieren. Op der Lëscht vun der Associatioun vun de Kannerdoktere stinn awer just 76 Dokteren.

Den 22. Dezember 2022 wollte mir vun der Santé wëssen, wéi vill Kannerdokteren da lo wierklech zu Lëtzebuerg schaffen. Eng weider Ufro a ganzer 4 Méint méi spéit kréie mir folgend Äntwert: De Gesondheetsministère kann net versécheren, dass all Kannerdokter, deen an eisem Regëster erfaasst ass, och wierklech aktiv ass. Et kéint een et erausfannen, wann een et mat den Donnéeë vun der CNS vergläicht, mä déi Méiglechkeet huet een den Ament net.

Wat ech hei verstinn: Mir kéinten Iech et soen, wëllen eis déi Méi awer net maachen. Dat géif jo weisen, dass do wierklech e Problem ass, fir dee mir awer keng Léisung hunn. Oder awer: Mir kéinte jo vollstänneg Informatiounen hunn, et interesséiert eis awer einfach net.

A vun de 4 Méint Waardezäit, fir iwwerhaapt eng Réckmeldung ze kréien, brauche mir mol net ze schwätzen, well dat ass bei verschiddene Plazen, wou mir als Press ufroen, quasi "normal".

An d’Santé ass hei just ee Beispill. Ëmmer rëm froen ech bei der Police no Zuelen. Ass d’Zuel vun de Messerpickereien an d’Luucht gaangen? Wéi vill esou Tëschefäll gouf et déi lescht Joren? Äntwert: Datebank vun der Police erlaabt et net, esou spezifesch Fäll erauszefilteren. An dës Explikatioun krut ech schonn op sou munch Nofro. Hei kritiséieren ech lo mol net de Service de Press vun der Police u sech, mä ass et am Joer 2023 normal, dass eng Datebank vun enger offizieller Stell et net erméiglecht, detailléiert Zuelen ze liwweren? Zemools wann ee bedenkt, dass et hei ëm d’Kriminalitéit am Land geet an een dach misst am A behale kënnen, wéi sech dës entwéckelt, fir seng Aarbecht dorun unzepassen?

Also dir léif Leit dobaussen, déi ëmmer kritiséieren, dass mir Journalisten net genuch wulle ginn. Och fir eis ass et net evident un Donnéeën ze kommen, a fir anstännege Journalismus ze bedreiwen, ass een nu mol och dacks vun offizielle Sourcen ofhängeg. An dat gëllt souwuel fir konkret Zuele wéi och fir ganz vill aner Themen a weider Detailer, déi mir uschwätzen, nofroen a wou mir a verschiddene Fäll bis haut nach keng Äntwert kruten.