Mat de Bodycams solle Poliziste virum Bierger geschützt ginn an net ëmgedréint. D'Policegewerkschaft war och Demandeur vun de Kierperkameraen, an awer ass den SNPGL elo iwwerhaapt net zefridden. Fir d'Vertrieder vun de Policebeamte schéngt et eng Frechheet ze sinn, dass Poliziste sech mussen u Reegelen halen an hiert Verhale justifiéiere mussen. Ma hir Argumentatioun kléngt éischter wéi eng Frechheet géigeniwwer hiren eegene Member, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Et gëtt vill ze kritiséieren um Projet fir d'Bodycams. Dozou gläich méi. D'Kritik vun der Policegewerkschaft allerdéngs ass schwéier nozevollzéien, well den Text exklusiv dorop ausgeluecht ass, d'Poliziste bei hirer Aarbecht ze schützen. D'Bodycams sollen agefouert ginn, well d'Polizisten ëmmer méi dacks ugepöbelt, aggresséiert a gefilmt ginn. Dobäi géingen dës Opzeechnungen net ëmmer déi ganz Realitéit weisen, sou déi gréng Rapportrice Stéphanie Empain. D'Beamte sollen also och d'Méiglechkeet kréien ze filmen, et géing net drëm goen d'Polizisten z'iwwerwaachen oder ze disziplinéieren.
D'politesch Intentioun ass kloer: Mat "Kuschelpolitik" huet de Gesetzprojet wéineg ze dinn, ma mat Repressioun an Iwwerwaachung vum Bierger. Nawell ginn et och nach Grondrechter, déi et ze respektéiere gëllt, grad well hei Opname bei Leit doheem sollen erlaabt ginn. Fir d'Privatsphär adequat ze schützen, huet et dem Staatsrot néideg geschéngt, kloer ze definéieren, wéini am private Raum dierf gefilmt ginn. D'Gesetz gouf ugepasst a gesäit vir: wann een ëm Hëllef rifft, am Fall vu Gewalt am Stot a bei flagranten Delikter a Verbriechen, respektiv wann et Indicë ginn, datt en Delikt oder Verbriechen drop an drun ass ze passéieren.

Der Policegewerkschaft no kéint een d'Gesetz dann och guer net ëmsetzen, well d'Beamte kéinten an enger Stresssituatioun net tëschent de Konditiounen am privaten an am ëffentleche Raum ënnerscheeden. Dobäi besteet jo awer e groussen Deel vun der Aarbecht vum Polizist doran ofzeweien, wéi eng Reaktioun grad ubruecht ass, grad a Stresssituatiounen. Stellt eng Persoun eng Gefor fir sech oder anerer duer? Kann d'Persoun berouegt ginn? Wéini muss Gewalt agesat ginn? Ass eng Course-Poursuitte ubruecht oder net? Wéini muss een op seng Waff zréckgräifen? Froe bei deene Beamten am Alldag musse séier Decisiounen huelen déi am Interessi vun der ëffentlecher Sécherheet sinn awer och am Respekt vun de Grondrechter. Ma op eemol, wann et drëm geet, ob ee seng Kamera umécht oder net, weess de Polizist net méi ob en am ëffentlechen oder am private Raum ass? Dat fält engem dann awer e bësse schwéier ze gleewen. Respektiv wann ee Polizist dat net aschätze kann, freet sech ob en da soll eng Waff droen.

Den SNPGL huet jo hoffentlech méi Vertrauen an d'Beamten, déi se vertrëtt. Ma d'Gewerkschaft hätt sech wuel Kierperkamerae gewënscht, déi de Polizist un an ausmaache kann, wéi et him fir richteg schéngt, ouni iergendeng Rechenschaft ofzeginn.

Dobäi ginn et duerchaus eng Rei Schwaachpunkten am Gesetzprojet, déi och an diversen Avisen ervirgestrach sinn, awer net amendéiert goufen. Dat huet negativ Konsequenzen, an zwar aus der Siicht vun de Bierger. Déi hu keen Afloss drop, wéini a wat gefilmt gëtt, a kënnen och net reklaméieren, wann eng Situatioun net gefilmt gouf. An esouguer wann d'Bodycam e Feelverhale vun engem Polizist géing erfaassen, zum Beispill Policegewalt, ass et net virgesinn dass d'Opnam ka verwäert ginn.

Et ass also net nëmme sou, dass virun allem d'Poliziste geschützt ginn, ma Geleeënheete fir d'Bierger ze schütze goufe verpasst. Virun deem Hannergrond ass et dach verwonnerlech, dass den SNPGL och e Minimum u Garantië verwërft, a mat senger Argumentatioun déi eege Member duerstellt, wéi wa se hir Aarbecht net kéinte maachen.