Immobiliëkris: "Dir hätt jo kënnen..."

D’Regierung huet wëlles, privat Projeten opzekafen. D’Demarche ass richteg, mee et ass delikaten Exercice. An et geet net duer, sou de Fränz Aulner.
D’Zënshaussen hu laut allen Acteuren aus dem Immobiliësecteur dozou gefouert, datt bal kee méi wéilt investéieren. Dëst géing riskéieren, eng Baukris mat sech ze bréngen, an a puer Joer kéint d’Offer nach méi Retard op d’Demande hunn. Fir dat, mee och Chômage am Bausecteur an am Handwierk ze verhënneren, wëll d’Regierung privat Projeten opkafen.
Aktuell gi privat Projeten am Wäert vu 600 Milliounen Euro vu Leit aus dem Logements- an aus dem Finanzministère ënnert d’Lupp geholl, esou de Logementsminister d’lescht Woch hei op RTL. Aus de virdru genannte Grënn kann een d'Demarche duerchaus novollzéien. Allerdéngs dierf et jo net sinn, datt d’Allgemengheet elo fir privat Leit oder Entreprisen aspréngt, déi sech verspekuléiert hätten. Nom Motto: a gudden Zäiten Turbokapitalismus an a schlechten Zäiten Kommunismus.
Den Henri Kox huet och scho betount: et geet net drëms, datt d’Allgemengheet mat ëffentlechen, oder Steiergelder, Plus-valuen ausbezilt. Dat ass gutt esou, mee et stellt sech natierlech d’Fro vum Detail. Fir wéi vill Euro de Meter Carré keeft de Staat déi Projeten dann elo op? Verkafen d’privat Bauträger hir Projeten à Perte? Oder awer mat enger klenger Marge ?
Eigentlech misst een hei no enger ganz strenger Kontroll jäizen. Allerdéngs, an ech weess et ass gelungen, dat als Journalist virun ze vill Transparenz ze warnen, mee wann d’Regierung op d’Iddi kéim, esou Detailer matzedeelen, riskéiert se, deene privaten Investisseuren Informatiounen ze ginn, déi se kënnen zu hirem Virdeel ausnotzen an d’Offer vum Staat iwwerbidden. Och dowéinst ass den Exercice nees delikat. Quitt, datt een aus dem Secteur souwisou schonn héiert, datt Investisseuren, déi nach d’Liquiditéiten oder scho vill Terrain hunn an domadder bierge kënnen, virun der Dir vu verzweiwelte Verkeefer waarden. De Risk vun enger weiderer Konzentratioun vun Terrain an den Hänn vun deenen, déi scho vill hunn, ass aktuell ganz grouss. Och dat schwätzt dofir, datt de Staat soll vun der aktueller Zäitfënster profitéieren, fir den ëffentlechen Terrains- a Wunnengsstock opzebauen?
D’Fro ass awer: wëlle mir dat iwwerhaapt? Jo, laut Liser drécke Groussbesëtzer d’Präisser an d’Luucht, wa se Terraine bewosst lues bebauen, fir duerch d’Hausse vum Wäert méi erauszeschloen, mee wat maachen eigentlech déi kleng Besëtzer? 80% vun de Wieler (dorënner den Auteur) si Proprietär a wie verkeeft oder verlount scho bewosst eppes ënnert dem Präis, deen ee ka kréien? A wéi vill droen eigentlech de Staat an d’Gemengen zur Präishausse bäi, wa se sech vu lokalem Widderstand dreiwe loossen an de Prozeduren-Djschungel kultivéieren? A wa se sech net trauen, konsequent eidel Terrainen a Wunnengen ze mobiliséieren? A wa se soen, se wéilte méi dicht bauen, mee de Géigendeel maachen?
De Premier Xavier Bettel sot jo 2018 virun de Walen enger Damm, déi sech iwwert hiren héije Loyer beklot huet: "Dir hätt jo kënnen e Prêt maachen!"
D’Politik weess wat se muss maachen, mee huet se d’Urgence endlech erkannt? Wa se elo d’Zäitfënster verpasst, fir ze handelen, da muss se sech a puer Joer de selwechte Virworf gefale loossen: "dir hätt jo kënnen ... !".