A Virwalzäiten ass "gesi ginn" Tromp an dat dierft och erklären, firwat et den Ament keng Generalversammlung, kee Maart a keen Dëppefest ouni Politiker gëtt. Grousse Succès haten e Méindeg och d'Gewerkschaften op hiren Éischt-Mee-Feieren. Dat war och alt scho mol anescht, mengt d'Dany Rasqué.

Nach virun engem Joer huet d'LSAP dem OGBL déi kal Schëller gewisen. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond hat just virdru refuséiert, den Tripartitesaccord z'ënnerschreiwen an do konnt een als Regierungspartei jo bal net maachen wéi wann näischt wier.
5 Méint virun de Chamberwalen ass dat anescht- dëst Joer gouf mam a beim OGBL gefeiert an dat huet een och net missen heemlech maachen. Et gëtt des Kéier esouguer e Podcast, an deem d'Gewerkschaftspresidentin an den Aarbechtsminister zesummen fir eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit plädéieren.

Geknisters a Viwalzäiten / Commentaire vum Dany Rasqué

Dat ass net just e Rout Duch fir d'Patronat, dat jo scho gemotzt huet, nach ier den Aarbechtsminister seng Etüd virgestallt huet, mä och fir de liberale Premier, deen ewell den 1. Januar bei RTL däitlech gemaach huet, datt dat mat him net a Fro kënnt an et virun engem knappe Mount och nach emol widderholl huet. En No Go wier dat.

Genee wéi d'lescht Joer war de Xavier Bettel mat senger Partei bei den LCGB, wou een -natierlech- der CSV iwwert de Wee gelaf ass, där hire Spëtzekandidat jo determinéiert no engem Partner sicht, mat deem seng Partei endlech dohinner zeréck kënnt, wou se an hiren eegenen Aen ni hätt dierfe rausgejot ginn.

A wann ee se gesinn huet, beieneen um Dësch sëtzen, war et iergendwéi anescht wéi soss.

Soss huet den Deputéierte Xavier Bettel kaum eng Geleeënheet ausgelooss, fir sech mam Justizminister Luc Frieden an d'Hoer ze kréien, mä elo huet een d'Gefill, heiansdo sou e politescht Knisteren tëschent deenen zwee ze héieren.

Fir déi Liberal ass d'CSV tatsächlech eng Optioun. Entweder fir d'Sozialisten, déi no de Walen och nach riskéieren, de Premier wëllen ze stellen, emol erëm e bëssen ze zëssen oder fir weider ze regéieren, wann och an enger anerer Constellatioun wéi déi lescht 10 Joer.

Fir d'CSV ass d'DP eigentlech jo och keng sou schlecht Wiel. Programmatesch schéngt et op d'mannst a verschiddenen ekonomesche Froen net esou wäit aus de Féiss ze goen. An och wann de Luc Frieden seet, e géif net an der Vergaangenheet liewen, kann ee sech froen, ob d'Vertrauen an d'LSAP net awer nach eng Grimmel ugekraazt ass.

Just dem Luc Frieden säi Wonsch no engem eenzege Koalitiounspartner geet -op d'mannst wann elo Walen wieren- net an Erfëllung. Der leschter Sonndesfro no kéim d'CSV op 17 Sëtz an d'DP op 11.
Do misst een also entweder am Oktober däitlech méi Stëmme kréien oder sech drop astellen, awer eng 3. Partei mat an d'Boot ze huelen.

Déi Gréng waren e Méindeg iwweregens beim OGBL a beim LCGB - trei no hirem Motto "Mir schafen Zukunft".