Lëtzebuerger Banken: Flott Beneficer! Wéineg Zerwiss?

D'Banke-Bilane vun zejoert goufe rezent presentéiert a loosse sech an de meeschte Fäll weisen. Wou d‘Zuele fir d‘Aktionäre glënnere verléiert awer den Zerwiss um klenge Client ëmmer méi u Glanz, kéint ee mengen. De Pit Everling huet sech seng Gedanke gemaach.
Moies ëm hallwer 10 op enger Lëtzebuerger Bank. Eng déck hallef Dose Leit stinn an der Schlaang. De Guichet ass net méi ëmmer op. D‘Mataarbechterin ass eleng, si gëtt hiert Bescht. Et dauert laang, verschidde Cliente verléieren d‘Gedold. Et gëtt sech vun alle Säiten iwwer den Zerwiss vun der Bank opgereegt, deen an der Lescht ënnert aller Klarinett wier.
Dës Situatioun ass eng Momentopnam, déi ee sécher net ka generaliséieren. Ma trotzdeem, e puer Gedanke sinn erlaabt.
D'Bankewelt an d‘Relatioun mam Client sinn natierlech am Wandel, Stéchwuert Digitaliséierung.
Et gëtt mam Handy bezuelt, d‘Konte ginn am Netz geréiert, de Client kann divers Zerwisser via Mausklick ufroen, seng Wäertpabeiere suivéieren... an an an.
D'Unioun vun de Konsumente reegt sech reegelméisseg ferme op.
D‘Acteuren aus dem Bankeberäich halen dogéint, datt d‘Zuel vun de Fermeturë vun Agencen a Bancomate minimal wier, datt Lëtzebuerg am internationale Verglach gutt do stéing an datt d‘Demande no digitalen Operatioune och permanent géing erop goen.
Schéin a gutt. Mä geet et net hei e Strapp ze séier a ginn d‘Banken hirem Zerwiss-Optrag - deen se dach awer hunn - nach gerecht? Eng Partie Cliente wëllen net op de perséinleche Kontakt am Guichet verzichten, virun allem wann et ëm wichteg Froe geet.
Vill Leit wëllen och an Zukunft EEN Uspriechpartner hunn, se wëlle Berodung a Vertrauen. Se wëllen och net laang Rendezvouse mussen huele fir essentiel Froe beäntwert ze kréie a se wëllen oder kënnen sech net kilometerwäit deplacéieren fir u Bores oder un Informatiounen ze kommen.
Och wann et keng definitiv Chiffere gëtt weess all Banke-Client aus perséinlecher Erfarung, datt am leschte Joerzéngt a punkto Zerwiss villes geännert huet.
De Banken hir Strategie vis-à-vis vum sougenannte Retail-Client gouf net vum Verbraucher gefrot, mä vun de Banken imposéiert, mam Verweis op international Entwécklungen.
Wéi de concernéierte Client doropper reagéiert schéngt de Banken och egal ze sinn, d‘Grouss-Kapital bréngt méi eran an d‘Wuel vum Aktionär steet iwwer allem, dat kéint een op d'mannst mol mengen.
Grouss Deeler vum Personal wieren och iwwer déi nei presuméiert „Zerwiss-Wüst“ bei de Banken net glécklech, gëtt een an de Salariatskreesser gewuer.
D‘Personal wier an de leschte Jore kloer devaloriséiert ginn, net just well d‘Aufgabe geännert hätten.
Och wéinst de Paien déi verschidde Banken zemools jonke Mataarbechter bezuelen, wier et och ëmmer méi schwéier nach kompetent Personal ze fannen, heescht et.
D'Personalkäschte wieren an de leschte Jore vun de Banken däitlech reduzéiert ginn, esou d'Gewerkschafts-Kreesser.
D‘Banke knäppen hire Clienten deels vill Suen of, och deene Klengen. An déi Clienten hunn eigentlech e Recht op en adequaten Zerwiss... a wann een d‘Resultater vun de Banke kuckt, da misst deen Zerwiss absolut méiglech sinn.
Gefillt geet et awer an eng komplett aner Richtung.
A wann ee bedenkt, datt et déi Entwécklungen och bei deene Banke gëtt, wou de Lëtzebuerger Staat bedeelegt ass, dat kann een dat op d‘mannst "speziell" fannen, och wann do ëmmer argumentéiert gëtt, datt déi Firmen onofhängeg sinn.