Wa Biergerbedeelegung no faulen Eeër richt

D’Politik wëllt den Awunner an hire respektive Gemenge méi Matsproocherecht ginn. Grad virun de Gemengewale kënnt esou eng Iddi nawell gutt, a kaum ee wäert sech net fir dës Propos begeeschteren. Ob dës Biergerbedeelegung awer ëmmer eescht gemengt ass? Genee déi Fro stellt sech d’Monique Kater am Kommentar vun haut an hëlt dofir d’Politik an der Gemeng Jonglënster ënnert d’Lupp...
D'Gemeng Jonglënster wëllt e Wandpark, a kritt och een, seet de Buergermeeschter mat fermer Stëmm a léisst mam Saz "hie stéing 100%eg hannert deem Projet", u sech scho kee Widdersproch méi zou.
Wéi de Projet Eoliennen de 24. Februar am Gemengerot presentéiert ginn ass, woussten d'Conseillere scho laang Bescheed. Am huis clos krute si d'Wandrieder deemools presentéiert, mat der Oplag vum Schäfferot, sech dobausse net ze verschnëssen. Kéint eventuell een dat net gutt fannen?
D'Geheimnis blouf e Secret, bis d'380.000 Volt Héichspannung méi konkret ginn ass. Enn lescht Joer huet Creos de Leit 6 méiglech Strecke-Variante gewisen a gesot, dass een eben net "méi" kéint soen.
Op alle Fall war d'Kaz Enn Februar aus dem Sak, an zu Lënster ware se bis bannent d'Maireis-Maueren iwwerrascht, d'Wandpark-Iddi duerch d'Presse gewuer ze ginn.
Kuerz drop huet de Bedreiwer Soler dunn dem Vollek gewisen, wéi 5 Eoliennen op d'Gemeng kéinte verdeelt ginn, där 250 Meter héijer.
Eoliennen, Héichspannung...vun zwou Säiten ënner Stroum gesat, kann et vir kommen, dass een net méi weess, ob a wat ee soll heivunner halen... an iert ee fäerdeg geduecht huet, gouf engem schonn agetriichtert, dass ee béides brauch, an dass just nach muss ofgewie ginn, wat a wéi engem Mooss muss geaffert ginn. Mir diskutéieren net, mir hunn decidéiert; dir dierft roueg froen, mir mussen awer net äntweren – geet esou Biergerbedeelegung?
D'Fëschbecher sëtzen elo do, mat genee deem Resultat an engem Wandrad virun der Dier. Anescht wéi si schwammen déi vun Amber als Biergerinitiative géint de Stroum! Et hätt ee geduecht, et géif ee vu Gemeng, Ministère a Creos eescht geholl, well ee se uganks agebonnen hätt an d'Héichspannungsdiskussioun. Elo gi si d'Gefill net lass, dat ganzt wier Fake gewiescht, och well den Toun vun hiren Interlocuteuren ewell geännert hätt.
Déi Amber bleiwen op hiren Zweiwele sëtzen, fäerte grad wéi déi vu Buerglënster, dass d'Héichspannung si krank mécht, well se ze no bei hir Haiser kënnt, oder well se iwwert de Bierger Bierg gezu gëtt, wou si dacks spadséiere ginn.
A wann ee selwer wulle geet a gesäit, dass op eemol e Wandrad nieft den Amber Knäppche soll geprafft ginn, do wou, eisen Informatiounen no, den Ëmweltministère d'Héichspannung net erlaabt... oder wann ee gewuer gëtt, dass de Favorit vun der Gemeng an den Awunner awer net zeréckbehale gëtt, d'Politik engem dat awer net seet - da freet ee sech, wat dat "d'Bierger mat abannen" da fir e Wäert huet?
Kënnt et de politesch Responsabelen eigentlech net eng Sekonn an de Sënn, dass Héichspannung plus Wandpark, de Leit vläicht eppes ze vill ass? Oder sollt vläicht dowéinst net vun Eolienne geschwat gi bis no de Walen?
CSV an DP gesinn a weise sech no bei de Leit, schwätze fir si, mee net wierklech mat hinnen. A vergiessen ënner deem national-politeschen Drock pro Wandrieder, dass een "och Nee soen däerf"!
Wéi fréier 'Liewensqualitéit', steet elo d'Wuert 'Biergerbedeelegung' an all Walprogramm. Wann dat awer just heescht: mir weisen iech e Projet an dann héiert dir eréischt dann nees vun eis, wann alles decidéiert ass, ass dës 'Participation citoyenne' e fault Ee. En Ee, dat de Lënster Buergermeeschter, deen net méi mat an d'Wale geet, sengem Successeur an den 8.600 Awunner vu Jonglënster an d'Nascht géing leeën. Ma reizend, Här Reitz!