"D’Jugend vun haut"

"D'Jugend vun haut huet kee Respekt". Mä hunn déi Erwuesse genuch Respekt virun deene Jonken? Dat freet d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.
An traut sech och, d’Walrecht vu 16 Joer un nees an d’Spill ze bréngen...
Zanter éiweg maulen déi Erwuessen géint déi Jonk. Si si méi liddereg, méi domm, méi egoistesch an hu manner Respekt wéi eeler Leit. Déi pauschal Aussoen iwwer d’Jugend gëtt et schonn éiweg. D’Tiraden iwwer d’»Jugend vun haut» si schonn aus dem antike Griichenland iwwerliwwert ginn oder goufen op stengen Tafelen aus Ägypten fonnt.
Déi Jonk solle mol schaffe goen a Sue verdéngen, éier se iergendeppes fuerderen ... déi Aussoen konnt een och rezent nees op RTL.lu an de Commentairë liesen, wann zum Beispill e jonke Politiker Invité ass. Oder wann et ëm déi Jonk geet. Wann dann och nach d’Reizwuert «Wiele mat 16» fält, da kenne vill Leit guer keng Hemmunge méi. A soe kloer vun uewen erof, wat se vun der Jugend halen ... an dat ass dacks anscheinend net vill. «Déi si nach gréng hannert den Oueren» liest sech dat zum Beispill an de Commentairen. Oder «déi solle mol 10 Joer schaffe goen, mä dofir si se ze liddereg».
Mat der neier Generatioun geet et biergof. Dat denkt wéi et schéngs all Generatioun. Wann d’Zäite méi onroueg sinn, fält d’Beschreiwung vun der Jugend nach méi negativ aus, soe Soziologen. De jonke Mënsch ass en «onfäerdegen Erwuessenen» , am schlëmmste Fall geféierlech an net eescht ze huelen.
Deem «onfäerdegen Erwuessenen» traut een hei zu Lëtzebuerg op d’mannst kee Walrecht zou. 2015 goufen d’Lëtzebuerger Wieler gefrot – déi iwwer 18 also –, wat se dervun halen, datt de Walalter op 16 Joer erof geet. D’Resultat war e kloren Neen. Bal 81% waren dergéint. Zanterdeem gëtt dat Thema net méi ugepaakt, well d’Leit hu jo gesot, datt se dat net wëllen, ass d’Argument.
Mënschen hunn – evolutiounsbedéngt – Angscht viru Verännerung. Den Direkter vum «Zentrum fir politesch Bildung» sot viru Kuerzem bei eis am Interview, datt e Walrecht vu 16 Joer un, fir dat ee sech fakultativ aschreift, déi politesch Participatioun géif stäerken.
Verschidden europäesch Länner wéi Malta, d’Belsch oder Éisträich hunn den aktive Walalter op 16 Joer erof gesat. Rezent nach déi däitsch Regierung fir d’Europawalen. Mam Argument, datt grad déi jonk Generatioun vun den Decisioune betraff ass. D’Europaparlament hat virun engem Joer d’Erofsetze vum Walalter op 16 Joer recommandéiert.
Effektiv concernéieren déi politesch Entscheedunge ganz staark déi Jonk. Besonnesch wann et ëm de Klimaschutz geet. Den Zougang zu Logement, wann een net grad eppes vun den Eltere kritt oder d’Ofsécherung vum Pensiounssystem zum Beispill. Klimaschutz, bezuelbar Loyeren an och nach sécher Pensiounen ... dat sinn net ëmmer d’Prioritéite vun den eelere Leit, déi sech gutt stinn. An där ginn et der vill ënnert de Lëtzebuerger Wieler.
De Walalter huet sech hei am Land schonn ëmmer weider entwéckelt. 1848 huet ee missen op d’mannst 25 Joer al sinn. A männlech. 1919 ass de Walalter op 21 Joer erof gaangen, och d’Fraen hunn dierfe wiele goen. 1972 ass de Walalter op 18 Joer erof gesat ginn. Dat passiivt Walrecht blouf bei 21 Joer. Zanter 2003 däerf ee mat 18 Joer wielen a gewielt ginn. D’Walpflicht gëlt bis 75 Joer.
Et gouf also nach ëmmer eng Upassung vum Walsystem un nei Realitéiten. Eng Diskussioun, ob e Walalter vu 16 Joer net sënnvoll ass, däerf a kann net éiweg vum Referendum virun 8 Joer gebremst ginn.