Gemengewalen: Mäi Slogan ass däi Slogan!

De Walkampf ass zanter enger Woch offiziell agelaut an d’Parteien iwwertreffe sech mat kreative Sloganen. D’Anne Wolff geheit en ironesche Bléck op d’Walplakater an huet heiansdo bal d’Gefill, do hätt ee vun deem anere geknäipt.
D'DP wëllt no bei mir sinn, mee do huet se d’Rechnung ouni d’CSV gemaach, well déi ass, wien hätt dat geduecht: Méi no! De geschichts-affinne Wieler denkt u «plus près de toi mon dieu», e Lidd, wat deemools beim Ënnergang vun der Titanic gespillt gouf an och haut nach dacks bei Begriefnisser zu Éiere kënnt…
Ma schonn zu Liefzäite gëtt et dem Wieler bal Angscht, mat deem Partei-Otem am Genéck. Zemools, wou en elo aus der Zäit vum Social Distancing erauskënnt an em reegelrecht agetriichtert gouf, op d'mannst zwee Meter Ofstand ze halen. Elo erwaart d’DP vun em, mat sengen Nopere Gromperekichelcher z’iessen- mee wann een der ADR nolauschtert, da kennt de Wieler seng Nopere vläicht guer net. An dobäi ass et der alternativer demokratescher Reformpartei anscheinend wichteg, dass et bei deem freedegen Beisammesein wierklech just Gromperekichelcher gëtt, op kee Fall eppes méi Exotesches, an dass Lëtzebuergesch geschwat gëtt, well géint d’Bevëlkerungsexplosioun ass d’ADR allergesch.
Och déi Gréng setzen op d’Noperschaft- déi kulinaresch a kulturell Uspréch sinn hei egal, mee bei der Couleur muss Gréngs op den Dësch- well, sou emol hiert metaphysescht Verspriechen: Mir schafen d’Zukunft. Et wëllt een zesumme méi onofhängeg ginn.
Zesumme si wëllt een och bei der LSAP- an do wëllt een net onofhängeg sinn, mee zesummen no vir goen. Jee, et si keng einfach Zäite fir de soziophoben oder individualistesche Wieler.
D’Fro bleift awer, ob dee sech an dësen onsécheren Zäiten iwwerhaapt nach eleng aus dem Haus traut, well wann een eise Parteien CSV, DP, ADR an Piraten esou nolauschtert, da bräicht een eng Gemengepolice oder op d'mannst méi Uniforméierter an eise Gemengen, déi dem gesetzestreie Bierger den ëffentleche Raum nees zougänglech maachen.
Wann de Wieler dann, vun de Forces de l’ordre sécher eskortéiert, endlech an der Foussgängerzon ënnerwee ass an en de Besoin huet, dat mat sengen Noperen ze deelen: Da kann e sech op d’Pirate verloossen, well déi verspriechen: Free Wifi.
Wéi e Wieler brauch schonn Inhalter, wann et gratis Internet gëtt.
Beim Surfen hätten d’Parteien do sécher och deen een oder aneren originelle Slogan entdeckt. Elo sëtze se wéinstens all zesummen a ganz no beieneen am selwechte Boot, an hoffen, dass de Wieler se um Walsonnden net op d’Schëff schéckt.