De Walkampf fir d’Gemengewalen ass offiziell am Gaang. Ma och fir d’Chamberwalen deet sech schonn eppes.

Mee wéi eng Aussoe bidden tatsächlech eng Léisung a wéi eng schénge just de Walkampf z’iwwerliewen? Déi Fro stellt sech d’Monica Camposeo am Commentaire vun haut.

De Commentaire vum Monica Camposeo

Méi Vëlospisten a méi Wunnengen, virun allem där bezuelbarer. Dat si Proposen, déi ee lénks a riets héiert, mee et weess ee jo : Bauen dauert! Am Walkampf ass de Motto éischter «séier, séier, séier». Also séier ëmsetzen a séier gesinn, wéi sech de Problem a Loft opléist. Esou op mannst d’Verspriechen. Do polariséiere virun allem eng Partie Léisungen zu der Fro vun der ëffentlecher Sécherheet respektiv Onsécherheet.

Gemengepolice, Schosswaffen, Heescheverbuet oder nach Leit mat der duebeler Nationalitéit de Lëtzebuerger Pass ewech huelen, wa si kriminell ginn. Dat si just eng Rei Proposen, déi als Wonnerléisung presentéiert ginn. Ganz egal, ob een dofir oder dogéint ass, wat d’Wieler vill méi sollt interesséieren, ass, ob déi proposéiert Léisungen iwwerhaapt eppes bréngen.

Géint déi organiséiert Forme vun Heeschen zum Beispill ginn et scho Gesetzer. Wisou dës anscheinend net applizéiert ginn an net méi enquêtéiert gëtt, steet op engem anere Blat. Mee ass et dowéinst d’Léisung ganz allgemeng all Persoun, déi no Sue freet, ze kriminaliséieren? A wéi soll d’Verbuet ëmgesat ginn? Wat geschitt da mat de Leit, déi elo op der Strooss sinn? E Plang schéngt et net ze ginn. Verbidden ass séier geschitt, mee laangfristeg duerchduecht ass et net.

D’Gemeng Lëtzebuerg wëll elo viru Geriicht géint d’Blockéiere vum Inneministère virgoen. Ganz nom Motto «Näischt maachen ass och keng Léisung». Et wëll een dem Wieler weisen, de Wëlle war do. Dass et net ëmzesetzen ass, doriwwer kucke mer mol ewech.

Eng aner vill diskutéiert Debatt ass d’Gemengepolice. Mee wie soll déi Aufgab iwwerhuelen? An de leschte 5 Joer ass den Effectif vun der Police vun 2.400 Polizisten am Joer 2018 op 3.000 Enn d’lescht Joer geklommen. An et gëtt nach weider agestallt. Wou sollen dann nach méi Leit rekrutéiert ginn, fir eng spezifesch Gemengepolice op d’Been ze stellen? Egal, Haaptsaach eng séier Léisung an de Raum geheit. D’Gemengepoliziste patrulléieren am däischtere Park, Zack, gëtt den Onéierlechen, deen déi deier Turnschong an déi nach méi deier Auer wollt klauen, séier gepëtzt. Problem geléist.

Am beschte Fall kritt déi kriminell Persoun, wa se déi duebel Nationalitéit huet, dee Lëtzebuergesche Pass einfach ewech geholl. Eng Propose, déi Ugangs vum Mount an der Chamber ze héiere war. Dobäi koum rezent d’Iddi, fir sech doheem mat enger Waff kënnen ze verdeedegen, zum Beispill, wa bei engem agebrach gëtt. Mol dovunner ofgesinn, dass sech déi mannsten Abriecher de Wee an en Haus verschafen, wa Leit doheem sinn, bedeite Waffen am Stot dacks ganz aner Problemer. An der Schwäiz ass den Zuele vun Amnesty International no bei bal der Hallschent vun de Fäll vun haislecher Gewalt, déi mat Mord oder Doudschlag op en Enn ginn, eng Waff am Spill. Wëlle mir eis déi Problematik wierklech operleeën?

Op en Abriecher schéissen oder obdachlos Persounen aus dem ëffentleche Stadbild verdreiwen, kann ofschreckend wierken. Méi warscheinlech ass et awer, dass dee Schoss wuertwiertlech no hanne lassgeet a laangfristeg vill méi grave Problemer mat sech bréngt, wéi en der léist.

Léisungen, déi de Problem un der Wuerzel upaken oder präventiv Mesuren brauchen e laangen Otem a ginn dacks iwwert eng Legislaturperiod eraus. A Leit ouni Daach iwwert dem Kapp zielen och net zum Stammwieler. Däiwelskreesser duerchbriechen géing sécherlech méi géint d’Kriminalitéit an d’Aarmut bewierken. Mee dat brauch Zäit.

An domadder léisst sech ebe kee Walkampf maachen. D’Fro ass also, wëlle mir léiwer op Abriecher schéissen oder dass den Abriecher guer net kënnt?

Dat entscheede mir dëst Joer direkt zwee Mol an der Walkabinn.