Hënt sinn op en Neits op d'mannst 3 Mënschen bei russeschen Rakéitenattacken an der Ukrain ëm d'Liewe komm. Dorënner 2 Kanner.

Et huet awer mussen dës brutal Invasioun vu Russland an der Ukrain kommen, bis um internationale Plang seriö reagéiert gouf an d'Relatioune mat Russland a Fro gestallt goufen. Och hei zu Lëtzebuerg misst ee sech dowéinst emol Gedanken iwwert d'Bezéiunge mat Russland an de leschte Joerzéngte maachen, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Maxime Gillen

An do virop de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, dee jo schonn zanter 2004 op deem Posten ass. Hien huet d'Entwécklung vu Russland ënnert dem Putin matkritt an déi Lëtzebuerger Relatioune mat Russland mat gepräägt. Ëffentlech huet de Lëtzebuerger Chefdiplomat sech bis ewell wuel och e bësse selbstkritesch gewisen, ma ëmmer erëm dorobber verwisen, dass jo zu där Zäit jiddereen d'Situatioun anescht ageschat hätt.

Esou och rezent am Podcast Wortwechsel vum Lëtzebuerger Wort. Hei erkläert hien, am Réckbléck och Scholdgefiller ze hunn, wéi ënnert anerem op déi russesch Annexioun vun der Krim 2014 reagéiert gouf. Et hätt deemools kee wëllen agesinn, dass Russland elo op enger falscher Schinn ënnerwee wier, esou de Jean Asselborn.

Am selwechte Gespréich erënnert hie sech awer och dorun, dass de Vladimir Putin den EU- an NATO-Vertrieder schonn 2005 erkläert hat, dass a sengen Aen déi gréisste Katastroph vum 20. Joerhonnert den Zesummebroch vun der Sowjetunioun wier. Alt erëm awer de Verweis vum Jean Asselborn op aner héichrangeg politesch Kolleegen, déi jo deemools och gemengt hätten, de Putin wier um Wee ze verstoen, wéi wichteg Demokratie fir Russland wier. Dorun hu brutal Attacken, wéi a Georgien 2008 oder a Syrien 2011, och näischt geännert. 2009 huet de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow mat sengem Lëtzebuerger Homolog dann och nach zu Stengefort mat Gebuertsdag gefeiert.

An esouguer d'Annexioun vun der Krim 2014 hat u sech kee substantiellen Impakt op d'Relatioune mat Russland. Au contraire gouf esouguer nach eng nei Pipeline Nordstream 2 gebaut, also d'Ofhängegkeet vu russeschem Gas nach intensivéiert. Och déi fréier Wirtschaftsminister Krecké a Schneider hunn déi wirtschaftlech Relatioune mat Russland nach jorelaang aktiv verstäerkt. An anescht wéi aner europäesch Politiker, hu si nach e gudde Pak ëffentlech a Partei-intern Kritik gebraucht, fir no der russescher Invasioun an der Ukrain hir Posten a russesche Verwaltungsréit opzeginn.

Am Réckbléck schéngt et deemno bal, wéi wann de Jean Asselborn a seng Kolleegen just gesinn hätte, wat si wollte gesinn. Trotz konkreten Indicen, dass dem Putin säi Russland vläicht awer net dee fiabelsten Partner ass, gouf der russescher Elite hei am Grand-Duché de rouden Teppech ausgeluecht. 2019 gouf et esouguer nach eng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg vum russesche Premier Dimitri Medwedew. Dee Mann, deen Europa mat Atombommen dreet.

D'Vergaangenheet kann een net méi änneren, ma fir d'Zukunft sollt een sech awer seriö Gedanken iwwert dës Bezéiunge maachen. Ëmmerhin ginn et och haut nach genuch autoritär gefouert Länner, dorënner virop China an d'Tierkei, bei deenen ee sech genau sollt iwwerleeën ,wéi enk mir mat hinne wëllen zesummeschaffen, voire wéi ofhängeg mir eis vun hinne sollte maachen.

Ma dës selbstkritesch Reflexioun schéngt op d'mannst zu Lëtzebuerg aktuell leider kee Politiker bereet sinn ze maachen.