Waarm Bréidercher a wotlech Verspriechen

Haut an enger Woch ass de Waltheater eriwwer - schéi wier et - da geet déi nächst Virstellung un.
De Wielerwëlle gëtt sou laang gedeit a gequëtscht bis datt an de 95 Gemengen, wou effektiv gewielt gëtt, och genee déi Koalitiouns-Dreem an Erfëllung ginn, déi et och lo ewell virun de Wale ginn. Well u sech sinn d'Walen ewell gelaf a mir kënnen eis op den Oktober preparéieren.
Gelaf, well u sech jo d'Walcampagne dominant ass, fir dat, wat e Sonndeg ugekräizt gëtt - an déi Campagne hat et dach awer a sech, oder net? Et gouf gestridden, datt d'Fatze fléien, et gouf hannen erëm intrigéiert an et goufe Verspriechen gemaach, déi d'Gemengekeesen uerg belaaschte wäerten - Nee, nediert - dat war u sech alles net de Fall - a wann, da gouf et gutt verstoppt, well sou gedamer, sou gemälleg an abberdéngeg d'Kandidaten ënnerteneen waren, wéi mer se hei op RTL a Face-à-Facen an Table-ronden erlieft hunn, kann ee scho bal dervun ausgoen, dass nu wierklech keen et sech wëll mat kengem verdierwen, wann et drëms geet, de Pouvoir an der Märei z'iwwerhuelen.
Sou wéi sech d'Walslogane geglach hunn, a jiddwereen op eemol ganz vill no wollt bei engem sinn a souguer waarm Bréidercher bei de Kaffisdësch bréngen, sou no waren och d'wotlech an eidel Aussoen a Verspriechen, déi gemaach goufen: Eng Surenchère vu Contournementer duerch Felder a Wisen, gréng Plaze fir d'sozial Mixitéit a Stadzentren ze garantéieren, Honnerten an Dausende vu bezuelbare Wunnengen, déi wéi Champignonen op emol sollen aus dem Buedem wuessen an hannert all Dealer an Drogekranken soll onversinns e strenge Gemengepolizist stoen, dee mat Taser an Knëppel direkt ka fir Recht an Uerdnung suergen.
Gutt geschafft a Merci de Parteistrategen gesot, déi esou eng Rafecht vun iwwerflëssegen a jause Wierder an Terminologien produzéieren an d'Leit wierklech wëlle gleewen doen, datt sech no de Walen eppes Konkretes deet.
Gouf dann éieren déi lescht Jore geschlof a verpasst un d'Jugend vu muer an hir Renten an Wunnengen ze denken, gouf ee sech éieren net den Ofhängegkeete vun internationale Liwwerketten bewosst a gëtt éieren bewosst nach ëmmer de Klimachangement ausgeklamert, deen et bal onméiglech mécht, a gliddegen Steewüüsten nach kënnen ze liewen?
Schéin also, datt mer lo d'Problemer zerwéiert kréien, déi et verpasst goufen un ze goen, souwuel op nationalem wéi kommunale Niveau - mee déi lo just virun de Walen als apaart Verspriechen optauchen an dann nees stënterlech am Tirang verschwannen: Wéi d'Reform vum Walgesetz, der Ondugend vun den duebele Mandater, dem onsënnegen Seuil fir Proporzgemengen a vum Abanne vun den Auslänner an de politeschen Decisiounsprozess guer net ze schwätzen.
Deemno ass et absolut net egal, wiem vun den 3.850 Kandidaten déi dorëmmer fändelen, mer e Sonndeg eng Stëmm ginn - entweder wëlle mer eng wierklech liewenswäert Zukunft mat Leit, déi mat- an nodenken, sech engagéieren an virun allem iwwert de Walsonndeg erauskucken - oder mir liewen einfach sou weider a mengen, d'Beem géingen an den Himmel wuessen - mee dat wier engem d'Seeche vun der rouder Geess verzielt.