Eng Gemengepolice, déi dem Buergermeeschter oder der Buergermeeschterin follegt. E Corps d’auxiliaire de police, deen dem Schäfferot ënnersteet. Dat sinn d’Fuerderunge vun der DP an der CSV an hire Kaderwalprogrammen. Ma dat sinn eidel Verspriechen, mat deene si d’Wieler hannert d’Liicht feieren, fënnt d’Michèle Sinner a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Michèle Sinner

Net fir näischt, kommen des Fuerderunge vun deene Parteien, déi an der Stad koaléieren. Si hunn nach eng Rechnung mam grénge Policeminister op, dee sot, hir privat Patrullen duerch de Garer Quartier wieren illegal. An eng aner mat der sozialistescher Inneministerin, déi hinnen hiert Heeschverbuet verbueden huet.

Fir déi Leit, déi sech am Garer Quartier mat senger Drogeproblematik an deeër vun de Sans-abri onsécher fillen oder fäerten, wa si an der Stad vu Friemen em Sue gefrot ginn, kléngt d’Iddi vun enger Gemengepolice sécher gutt. A warscheinlech net just fir si.

D’Erwaardungshaltung déi doduerch entsteet, ass datt d’Lydie Polfer hir Gemengemiliz erausschéckt, wa besuergte Bierger/Innen bei hir e Probleem mellen. Schliisslech war si sech, ëmmer no um Bierger, jo och net ze schued, sech zu  Märel unzekucken, wéi d’Kueben do d’Autoe vollflappen, huet ratzekal hir Näschter wech maache gelooss - Platzverweis fir d’Vullen.

Mee datt si hir Police och esou effikass kéint asëtzen, ass fraglech. De Jean Bour, fréiere Procureur vun Dikrech, warnt viru méigleche Gesetzeskonflikter, dat kéint mol gären als « intervention indue » verstane ginn.

Praktescherweis schloe béid Parteien vir, d’Leit fir hir Trupp aus der Police eraus ze detachéieren. Respektiv se drun erun rattachéieren. Praktescherweis, well dann ass et de Staat, net d’Gemengen, déi se musse bezuelen.

Mee wann eng Trupp innerhalb vun der Trupp soll ginn, stellt sech net just d’Fro, woufir deng an déi aner zoustänneg sinn. Mee och wien de Kommando huet. D’Police-Direktioun oder d’Märei? Ween decidéiert, wéi een Asaz ass, wann Nout um Mann ass? Déi net ganz onwichteg Detailer bleiwe souwuel DP wéi CSV schëlleg.

An do ass jo den eigentlech Probleem. Et gi net genuch Beamten, fir ëmmer iwwerall ze sinn. Datt d’Gemengepolice – Simsalabim  - dofir d’Solutioun wier, ass pur Illusioun. Wouhier géife se kommen? Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché feelt et un allem, vu Plongeuren iwwer Léierpersonal bis zu Computerspezialisten.

DP an CSV kënnen dës Fuerderungen op Gemengenniveau stellen, ouni ze riskéieren, se jee mussen ëmzesetzen. Dofir wier nämlech déi national Politik kompetent. Wann et näischt gëtt, wat ofzegesinn ass, ass ëmmer een anere Schold.

Dobäi war d’CSV 1999 mat an der Regierung, wéi Police a Gendarmerie fusionéiert goufen. D’DP war an der Chamber zwar dogéint. Mee no de Walen dat Joer war si awer an der Regierung, wéi d’Fusioun ëmgesat gouf.  Déi war d’Resultat vun engem joerzéngtelaange Prozess, dee 1930 mam Ofschafen vun der Gemengepolice ugefaangen huet. D’Gemengepolice ass also, wann ee sou wëllt, e Relikt aus dem Postkutschenzäitalter. Mat Sécherheet dat richtegt Instrument fir d’21. Joerhonnert méi sécher ze  maachen.