Gemengewalen: No bei dir? Wäit ewech vun Allem ...

D‘Gemengewalen leien hannert eis. Se wollten all méi no bei eis sinn. „Méi no bei mir“, sot d‘DP. „Méi no“, wollt d‘CSV an „Zesumme sinn“, wollt d‘LSAP.
Mee am Endeffekt weist sech: Se sinn all ganz wäit ewech vun allem, fënnt d‘Annick Goerens haut an hirem Commentaire.
Zu Klierf huet den CSV-Deputé-Maire Emile Eicher nawell ferme Plommen gelooss, zu Ettelbréck den CSV-Deputé-Maire Jean-Paul Schaaf, zu Wooltz wollt weder d'DP, nach d'CSV méi mam LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt zesummeschaffen, zu Déifferdeng kruten déi Gréng d‘Retourkutsch vum Roberto Traversini senger Gaardenhäischen-Affär, zu Iechternach krut den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler och déi rout Kaart an zu Veianen hunn d'Bierger carrement bal de ganze Schäfferot, Buergermeeschter inclus, ofgewielt. De Message vun de Wieler ass kloer– se haten es all genuch.
Een Phänomen, deen ech awer virop vun dëse Walen zeréckbehalen hunn, ass, dass eis Politik-Landschaft ëmmer méi verwässert. Am Fachjargon: D'Parteie-Landschaft ass ëmmer méi fragmentéiert. An amplaz komme Biergerlëschten. National gekuckt goungen déi meescht Mandater, 193 uechter d'Gemengen un d'CSV. Op Plaz 2 d'LSAP mat 155 Mandater an dann op 3. Plaz direkt d'Biergerlëschten mat 147 Mandater. Hannendru kommen eréischt d'DP an déi Gréng. Am Norden goung souguer bal een Drëttel vun de Stëmmen un d'Biergerlëschten.
Et fält den etabléierten, grousse Parteien also ëmmer méi schwéier, fir Zaldoten fir hir Lëschten ze rekrutéieren. Vun 102 Gemengen am Land hunn der just 95 gewielt. Bei 6 dovunner gouf net gewielt, well net genuch Leit sech gemellt haten fir iwwerhaapt kënnen e Vott ofzehalen. CSV, DP, LSAP an déi Gréng doe sech extrem schwéier, fir Leit ze motivéieren, well d'Bierger näischt méi mat hinnen ufänken kënnen. Fir vill Leit ass d'Politik wäit ewech, am Elfenbeintuerm an der Stad, a schwätzt och komplett laanscht hir dagdeeglech Realitéit. Amplaz spréissen also Biergerlëschten wéi Champignonen aus dem Bueden.*Wuel gemierkt sëtzen op de Biergerlëschten och mol Politiker déi och eng Parteikaart hunn, mee wou dann eben duerch e Manktem un Fräiwëllege keng Lëscht an der Faarf konnt opgesat ginn.
Eng CSV, déi soss queesch duerch de Norden immens gutt vertrueden war, musst notamment zu Klierf, zu Ettelbréck an zu Wëntger zolidd Aboussen astiechen. Eng LSAP déi souwuel zu Dikrech wéi och zu Wolz fest verankert war, gouf do geklappt. An déi Gréng gehéieren iwwerall duerch d'Land zu de gréissten Verléierer. Fouss faassen, doen déi Gréng am Norden kaum méi an do, wou se ugetrueden sinn, goufe se fir d‘Nationalpolitik ofgestrooft.
Léif Politiker, am Oktober stinn d'Nationalwalen virun der Dier. Et wier un der Zäit, fir effektiv mol méi no bei de Leit ze sinn. Setzt Iech op mat konkreten Iddien a setzt se dann och ëm. Muechtspillercher wëllen d'Bierger net, eidel Verspriechen nach manner. Léisunge brauch eist Land.
*Umierkung gouf no der Publikatioun bäigefüügt.