Politik à la Parodie vum Heinrich Böll

© RTL
D‘Gemengewalen hu mer gepackt. Elo annoncéiert sech de Choix fir déi Honorabel an d‘Chamber ze schécken. Méi wéi jee ass virun de Walen, no de Walen. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.
Also u sech hätt ech gären all Joer Gemengewalen, well et sinn a villen Uertschaften nach ni esou vill kommunal Chantieren fäerdeg gi wéi an de leschte Wochen. Et gouf wéi wëll ageweit, vum pedagogeschen Trëppelpad, iwwer nei Vëlospisten bis bei e Waasserreservoire a „shared space“- Zonen fir just déi ze nennen.
Mä alles dat war sécher Zoufall, oder?
Knapp ginn d‘Walplakater fir d‘Gemengewalen ofgerappt a scho gi vill vun deene Gesiichter, déi eis all Dag um Rand vun de Stroossen op hire Plakaten ugrinsen, nei geknipst fir déi national Walcampagne.
Et geet weider mat de Walmeetingen. Et gëtt ee sech an der Politik viru Walen nun emol gär on tour oder no bei de Leit.
Et gëtt sech an d‘Vitrine gestallt mat Sätz an deenen op mannst eemol d‘Wuert „Ech“ dra virkënnt. Et muss een eben als, wéi se an Däitschland soen, ee „Macher“ eriwwer kommen.
Wann et schif geet, gëtt aus dem „Ech“ ganz séier eppes wéi „ eis Partei, eis Parteispëtzt, eis Gremien“ etc.
Mier kréie grousst Gestikuléieren à la Sarkozy oder Macron zerwéiert fir huelen Ausdréck méi Gewiicht ze ginn.
Huel bleift awer nun emol huel.
Zum Beispill de Saz : „D‘Leit musse sech kënne sécher spieren“ .
Wann ech mech am Stadpark sécher fillen, kann ech trotzdeem 50 Meter méi wäit iwwerfall an eventuell blesséiert ginn. Dann hu mech vläicht sécher gespiert, ech war et awer net.
Da kritt de brave Bierger Saachen zerwéiert wéi Gemengepolice, eppes wat vum Finanziellen a vum Personal hir kaum ze stemmen ass.
Op jorelaange Manktem un Decisiounen oder op Mëssel gouf et zënter Anno Tubak keng richteg Äntwert, ausser dass eppes muss geschéien, respektiv dass ënnert enger Partei x oder y eppes wäert geschéien.
Dat ass wéi an enger Kuerzgeschicht vum Heinrich Böll aus de 50er Joren. Do geet et ëm ee Kärel, dee gemierkt huet, dass et dacks duergeet esou ze maachen wéi wann een tatkräfteg wier, oder eppes kann, fir Karriär ze maachen. An der Geschicht vum Böll ass et duergaangen dass een an eng Dosen Telefonen beienee brëllt: „Maacht eppes. Et muss eppes geschéien. Et hätt scho laang eppes misse geschéien…Et wäert eppes geschéien, etc“
Dass eppes muss geschéien, do si mer eis eens. Just wat geschéie soll, do bleift d‘Politik dacks flou. Dat geet vu Vollbeschäftegung iwwer Flexibilitéit um Aarbechtsmaart, eng méi effikass Mobilitéit, Pensiounen a sozial Sécherheet allgemeng, Sécherheet an der Ëffentlechkeet, eng besser Formatioun, ee méi zilorientéierten Educatiounssystem, abordabele Wunnraum, Klimawandel, kontrolléierte Wuesstem an esou weider.
Et ass wéi beim Kaartespill: „Weise gëllt“
Mä déi Weisheet gëllt scho laang.
Um Enn vun der Campagne wëssen awer nach ëmmer vill Leit net wie se solle wielen. Hoffentlech wëssen se, wien se net solle wielen fir um Enn net als den "dindon de la farce" do ze stoen
Um Enn vum Böll senger Kuerzgeschicht gëtt aus dem Pseudo-Macher een, deen op Begriefnesser professionnel getrauert huet.
De „Lien“ tëscht Politik an Trauerspill iwwerloossen ech awer jidderengem fir sech.