Ekippe gehéieren an de Sport an net an d'Gemeng!

E Sonndeg gouf a 46 Gemengen nom Majorzsystem gewielt. Am Géigesaz zum Proporzsystem trieden hei keng Parteien oder Biergerlëschten, mee eenzel Kandidate géinteneen un. Ma mëttlerweil kënnt et awer och vir, datt sech Ekippe forméieren. Deels trieden dës och ganz oppen als Ekipp op, beispillsweis op Facebook a si vun enger Biergerlëscht quasi net ze ënnerscheeden. Keng gutt Entwécklung, fënnt de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff.
Colmer-Bierg, Fiels, Garnech, Veianen, Wäiswampech, dat sinn e puer Beispiller vu Majorzgemengen, an deenen dëst Joer eng oder méi Ekippe méi oder manner offiziell ugetruede sinn. Datt dat net onbedéngt vu Virdeel fir d'Stëmmung an der Gemeng respektiv tëscht de Gewielten ass, weisen op alle Fall mol d'Fiels, Garnech a Veianen.
Parallellen zum Sport doe sech op. Et trieden zwou Ekippe géinteneen un, ginn et sech richteg an dee beschte gewënnt, also op mannst heiansdo. Ma et gëtt awer ee groussen Ënnerscheed, wärend ee sech beim Sport dono d'Hand gëtt, oder vläicht och net, a jidderee senger Wee geet, sëtzen déi Membere vun de verschiddenen Ekippen, déi gewielt goufen, wärend deenen nächste sechs Joer zesummen an engem Conseil. Do solle se dann zesumme fir d'Wuel vum Bierger an der Gemeng schaffen. Ma jee nodeem wéi de Walkampf gelaf ass a wéi den ominéise Wielerwëlle bei der Zesummesetzung vun de Schäfferéit interpretéiert gouf, gëtt aus dem Matenee ganz séier ee Géinteneen. Do wonnert et dann och net, wann d'Bierger ëmmer méi de Latz mat der Politik hunn. E Sonndeg hunn trotz Walflicht 50.885 Walziedelen an den Urne gefeelt, 25.503 waren entweder ongëlteg oder eidel. Déi Zuele sinn natierlech net eleng oder och nëmmen haaptsächlech op Ekippen a Majorzgemengen zeréckzeféieren. Ma déi meeschte Wieler wëlle Resultater amplaz Gestreits. Dowéinst léif Kandidaten: Loosst 2029 an de Majorzgemengen d'Ekippen am Sport wou ze higehéieren a presentéiert Iech als Eenzelkandidat. A léif zukünfteg Conseilleren: Verdeelt d'Posten unhand vun de Stëmmen, déi d'Wieler Iech ginn hunn an dono sidd der eng Ekipp Gemengerot. An där duerf och gäre kontrovers diskutéiert ginn, Haaptsaach Dir spillt de Ball an net de Mann. Ganz ouni Sport geet et anscheinend also dach net.