Dat verschléit engem d'Sprooch!

D'Quartiere méi liewenswäert maachen oder gestalten - dat huet een iwwert déi lescht Méint ëmmer erëm am Kader vun de Gemengewalen héieren. Wärend op ville Plazen e reelle Besoin do ass, de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, sech zesummenzefannen an opzehalen, ginn op anere Plazen d'Suen einfach zur Fënster eraus geheit, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
4 Milliounen Euro - dat ass de Präis vum sougenannte "Jardins du multilinguisme" nieft der Cour de Justice um Kierchbierg, deen am Kader vum Europadag den 9. Mee ageweit gouf. 2,5 Milliounen dovunner sinn eleng an d'Konstruktioun gestach ginn - de Rescht da warscheinlech an d'Beplanzen, d'Ënnerhalen an net ze vergiessen de Paysagist a säi Büro, déi dat ganzt konzipéiert hunn.
4 Milliounen Euro fir e Gaart, ier de Bagger erëm driwwer rullt an e weidere Bëtongs-Tuerm oder Änleches dohi gebaut gëtt. Well jo, de 4-Millioune-Gaart ass just provisoresch. Den Terrain ass nämlech offiziell reservéiert fir d'Extensioun vun enge vun den europäeschen Institutiounen. An engem Deel vum Kierchbierg, wou souwisou virun allem Büroe sinn ass et also héchstwarscheinlech och eng Plaz, déi just an der Woch vun de Leit genotzt gëtt, déi eben do ronderëm schaffen, an der Mëttesstonn oder no der Aarbecht, an dann och just wann d'Wieder et erlaabt. Fir de Rescht wuessen dann do eng ganz Partie Beem, déi spéiderhin erëm ëmgeplanzt musse ginn.
Wat d'Plus-Value vu sou engem Projet ass? Dat hunn ech bis ewell nach net verstanen. Wann een da weess, datt just vis-a-vis, am sougenannte "Bâtiment T", ee fréiert Gebai vum europäesche Geriichtshaff, zanter iwwert engem Joer Flüchtlingen op enkem Raum ënnerbruecht sinn a just op den Trappe virum Gebai eng Méiglechkeet hunn, sech baussen opzehalen da sinn ech mat mengem Versteesdemech u meng Grenze komm.
Geet een dann e Stéck weider kucken an de Quartier Kiem, wou net just haaptsächlech Büroen, mee och Wunnenge sinn, da fält op, datt och hei de Bëtong dominéiert. An dat souguer a Quartieren, déi réischt rezent gebaut goufen. Reieweis ginn Appartementshaiser gebaut, eng Plaz wou ee säin Noper mol begéine kéint oder d'Kanner aus dem Quartier matenee spille kënnen, sinn awer nëmme rar. Wéi ass et méiglech, datt déi nämmlecht Feeler ëmmer erëm gemaach ginn an net agesi gëtt, datt een och Plaze schafe muss, fir Liewen an d'Quartieren ze bréngen. Verschidden Deeler vum Kierchbierg si wuel ganz "busy" an der Woch an daagsiwwer duerch déi vill Leit, déi do schaffen. No de Büroszäiten oder d'Weekender allerdéngs ass et da wéi ausgestuerwen an et huet een e Bëssen d'Gefill, an engem "ghost town" ënnerwee ze sinn, sou roueg an eidel si verschidde Stroossen.
7.000 nei Wunnenge sollen an den nächsten 10 bis 20 Joer nach gebaut ginn - ma et ass ze hoffen, datt de Fonds du Kierchbierg erkennt, datt d'Liewensqualitéit net just fir d'Leit gëlle soll, déi am Quartier schaffen, mee och fir déi, déi do wunnen.