No de Wale falen d'Masken. Et ass dës Kéier net anescht wéi soss. Politiker, déi Wochelaang de Leit schéi geschwat a gelaacht hunn, weisen zënter dem Walowend nees hiert richtegt Gesiicht an op enger Rei Plaze muss de Wieler agesinn, datt et ni ëm hie goung, mä datt hie just Mëttel zum Zweck war. Dat ass d'Meenung vum Dany Rasqué, dat a sengem Commentaire op e ganz rezent Beispill ageet.

Zwou Wochen no de Walen beicht d’Spëtzekandidatin vun der LSAP Monnerech, méi oder manner direkt, hire Wieler, datt se se Wochelaang belunn huet. Mat den Iddien an de Wäerter vun der sozialistescher Aarbechterpartei, fir déi d’Christine Schweich ëmmerhi bis den 11. Juni stoung, ka si nämlech näischt méi ufänken. Si ka sech net méi domadder identifizéieren a fënnt sech schonn zënter enger Zäit net méi an der LSAP erëm.

Respekt virum Wieler? De Commentaire vum Dany Rasqué

Hier Explikatioune werfen awer puer Froen op.

Firwat kandidéiert een iwwerhaapt fir eng Partei mat där ee sech net identifizéiere kann? Firwat seet een de Wieler dat net virun de Walen? Ass et just en Zoufall, datt d'Demissioun vun der Presidentin vun der Monnerecher Sektioun een Owend virun der Presentatioun vun der Süd-Lëscht fir d'Chamberwale kënnt? Hat d'LSAP éieren do keng Plaz méi fir d’Christine Schweich? Huet si sech dofir eng aner Partei gesicht? Eng Partei, déi als Merci fir d’Gemengemandat, dat d’Christine Schweich elo matbréngt eng Plaz op hirer Lëscht am Süden reservéiert?

Ass et net och bëssen einfach fir ze soen, datt ee sech net méi an enger Partei erëmfënnt, wann een anengems Member an deenen ieweschte Gremie vun där Partei ass an domadder d’Méiglechkeet huet, fir d’Politik déi gemaach gëtt, a groussem Mooss matzegestalten?

Vis-à-vis vun RTL seet d’Christine Schweich, d’LSAP wier hier ze wäit lénks. Eppes wat si stéiert, ass zum Beispill d’Diskussioun iwwert d'Aarbechtszäiten. D'36-Stonne-Woch – dat wier keng realitéitsno Politik. Hier Partei respektiv Ex-Partei huet bis elo eigentlech och just vun der 38-Stonne-Woch geschwat, mä sou klengkaréiert sollt een elo net ginn.

Dann nennt d'Christine Schweich den Indexsystem, deen d’Schéier tëschent aarm a räich ëmmer méi wäit géif auserneen dreiwen. Ze blöd, datt si sech elo d’DP eraus gesicht huet, well déi huet bis elo nach ëmmer gesot, si géif hannert dem aktuellen Indexsystem stoen.

Alles nëmmen hallef esou wëll, well kee seet, datt si hiert Gléck um Enn bei deene Liberale muss fannen. Parteie ginn et jo nach genuch a seng Memberskaart dierf een natierlech do bezuelen, wou et engem am Beschte gefält.

Mä wier et net en Zeeche vun Éierlechkeet a Fairness gewiescht, wann d'Christine Schweich hiert Mandat am Conseil zu Monnerech där Partei gelooss hätt, mat där se dës Kéier an d'Wale gaangen ass? Déi Leit, déi zu Monnerech d'LSAP oder hier Spëtzekandidatin gewielt hunn, wollte méi wéi sécher d'Sozialisten an net déi Liberal, mä wien an der Politik no Éierlechkeet a Fairness sicht, deen ass nawell gär eng Zäit amgaang.
Do ass Muecht Tromp an dofir wonnert et och net, datt déi Monnerecher DP, net op dee roude Sëtz verzicht huet.
Sou Aktioune wéi dat do an déi penibel Muechtkämpf, déi et déi lescht 14 Deeg a verschiddene Gemenge gouf, droe sécher net dozou bei, datt dem Wieler säi Vertrauen an d'Politik gestäerkt gëtt a wann dee Wieler eppes net wëll, ass et fir domm verkaaft ze ginn. Dorunner sollt ee vläicht denken, wann een net wëllt, datt e sech aus Protest fir den 8. Oktober eng Alternativ sicht.