Fir vill Leit gëtt et ëmmer méi schwéier, sech an enger politescher Partei erëmzefannen. U wiem ass et géigenzesteieren? Der Politik oder dem Bierger? E Commentaire vum Diana Hoffmann.

De Commentaire vum Diana Hoffmann

Fréier war dat Ganzt dach iergendwéi méi einfach. Déi ländlech chrëschtlech Bevëlkerung mécht hiert Kräiz bei d'CSV, d'Aarbechter bei d'LSAP, d'Geschäftsleit mat méi Sue bei d'DP. Du koumen iergendwann Déi Gréng dobäi, an domat d'Stëmm fir Visionären oder Leit, déi sech Naturschutz kënne leeschten. Wou ee säi Kräiz mécht, war kloer. Gehollef bei der Decisioun huet dacks déi politesch Richtung vun der Zeitung, déi een abonéiert hat.

Haut ass d'Bild en anert. Vill Leit fanne sech net méi an enger vun de grousse politesche Parteien erëm. Wéi solle se och, wa kloer Ecken a Kante feelen? Fir wat steet wéi eng Partei iwwerhaapt? Aus dem Stand schwéier ze soen. Dass déi lescht 10 Joer mat DP-LSAP-Déi Gréng dräi Parteien un der Ëmsetzung vun enger Iddi - dem Koalitiounsaccord - geschafft hunn, war anscheinend net fërderlech fir Ofgrenzungen. Besonnesch dee klengste Koalitiounspartner, Déi Gréng, schéngt dorënner gelidden ze hunn. Déi neelech Majoritéit, déi et an der Chamber gëtt, huet et och souwisou net zougelooss, dass iergendeen aus der Rei danzt.

Huet d’CSV dovunner profitéiert? A sech mat engem Kontrastprogramm ofgegrenzt? Bis elo net esou richteg. "De Luc" soll de Wee un de Pouvoir weisen. Aussoe wéi "eng CSV mam Luc Frieden ass mindestens sou wirtschaftsliberal wéi eng DP" oder awer och "de fréiere DP-Finanzminister Pierre Gramegna war wärend der Coronapandemie e super Sozialist" weisen, wéi flou d’Parteigrenze kënne sinn. Kenger vun de grousse Parteien ass et an de leschte Joer gelongen, hire Profil wierklech ze schäerfen. Just kleng Parteie wéi d’KPL, Déi Lénk oder d’ADR hunn entweder eng radikal ideologesch Linn, oder et gëtt keng novollzéibar, wéi bei de Piraten oder Fokus.

Elo kuerz virun de Wale leeft de grousse Parteien d’Zäit fort. Eng kloer Linn wier néideg, mat koherenten Iddien, déi realisabel sinn. An net, dass vu lénks bis riets dat an de Programm geschriwwe gëtt, wat am meeschte Wieler kéint uspriechen. D'Parteie musse bestëmmte Prioritéiten hunn an et muss Schluss si mat der Harmonie tëscht de Parteien. Sträitgespréicher, wéi ee se vu professionelle Politiker kéint erwaarden, sinn néideg, dass de Wieler dono weess, bei wiem e wat erwaart.

Mee och de Wieler soll net aus der Verantwortung geholl ginn. An enger Gesellschaft, wou den individuelle Choix bis an de klengsten Detail ëmmer méi grouss gëtt, schéngt e Festleeën op Wäerter vun enger eenzeler Partei ëmmer méi schwéier. Wa keng Partei komplett den Iwwerzeegungen entsprécht, gëtt ebe panaschéiert. Sech op eng Lëscht festzeleeën, heescht awer, engem Grupp Leit mat enger selwechter politescher Iwwerzeegung d'Méiglechkeet ze ginn, d'Land och wierklech mat ze gestalten.

Heiansdo muss ee sech eben entscheeden. Ween dat net kann, ka seng Stëmm einfach där Partei ginn, an där sech Leit engagéieren, an déi en dat meeschte Vertrauen huet, dass si d'Land no vir bréngen. Do sti souwuel grouss wéi och kleng Parteien zur Wiel.

Mä Parteilinnen hin oder hier: Net ze wielen däerf op alle Fall keng Optioun sinn.