D’Onrouen a Frankräich erënneren nees un de Film "La Haine" vun 1995. D'Onrouen hunn op e neits gewisen, ewéi d’Fronte sech an eise Gesellschaften verhäert hunn a weider verhäerten. E Phenomen, deen een och op anere Plazen gesäit, mengt de Fränz Aulner a sengem Commentaire. Datt et ëmmer méi rau gëtt ass a sengen Aen - a graff resuméiert - op den Individualismus zeréckzeféieren. An dat misst net esou sinn.

Commentaire vum François Aulner

Virum Traitement awer: den Diagnostik. D’Gesellschaft hat joerzéngtelaang e relativ ongesonde Liewensstil. Bëssen ewéi e Mënsch, deen net genuch Sport gemaach huet, ware mer all e bësse faul. D’Politik huet aus Angscht virum Wieler an/oder well se grouss Interessie virun déi Kleng gestallt huet, déi fundamental a méi wéi néideg Ännerunge verpasst. An zwar déi, déi d’Croissance vun den Inegalitéiten ëmgekéiert hätten. Vill Banlieuen a Frankräich ware schonn ëmmer Marginalisatiouns-Fabricken. De Chômage ass an de Citéë meeschtens méi héich ewéi op anere Plazen. Zanter Joren investéiert de franséische Staat zwar Milliarden Euro, fir ze probéieren d’Citéë méi flott ze maachen. Mee mat Sue konnt de follgenden Däiwelskrees net gebrach ginn:

Ausser deenen, déi a Citéë gebuer sinn, wëll keen do liewe goen, wann een net absolut muss. D’Gewalt gehéiert zum Alldag. Communautéite ginn isoléiert. Eraus aus der Banlieue kënnt ee quasi just, wann een extrem staark ass oder extrem Chance huet. An dann heescht et och fir de gréisste Gangster Rapper bal ëmmer: "nëmme séier raus hei". Hannendru bleiwen dann just d’sozial Verléierer. Vun deenen z’erwaarden, datt se brav bleiwen, wann ee vun hinnen duerch e Polizist erschoss gëtt, (egal, wat d’Ëmstänn waren), dat wier net just naiv, mee och hypokritesch. Géinge mir eis an hirer Plaz net revoltéieren?

Iwwregens: D’Migratioun fir d’Onroue verantwortlech maachen, ass net just e simplistesche a friemefeindleche Reflex, mee och en Denkfeeler. D’Ausgrenzung ass de Problem. Et ware jo och keng Auslänner, déi an der franséischer Revolutioun de Kinnek gekäppt hunn. Et si keng Auslänner, déi am Moment am Iran géint de Regime revoltéieren.

Den Traitement fir eng krank Gesellschaft

Blann Gewalt aus Roserei eraus dierf natierlech net sinn. Zum Traitement vun enger kranker Gesellschaft gehéiert och net méi Gewalt vum Staat. D’Vergaangenheet an d’Erfarung am Ausland weisen nämlech, datt d’Leit sech géint méi Repressioun wieren, sech upassen a selwer méi brutal ginn. Verbrieche mussen adequat bestrooft ginn – op béide Säiten – mee eng gesond Gesellschaft brauch op éischter Plaz géigesäitege Respekt ënnert all de Leit. An dat fänkt scho bei der Urbanisatioun un. Do, wou d’sozial Mixitéit grouss bliwwen ass, zum Beispill andeems genuch abordabele Wunnraum geschaaft gouf oder déi besser opgestallt Stéit net flüchten, funktionéiert d’Zesummeliewe besser. Ironescherweis huet ee just Tendenz dat net gesinn, well manner doriwwer geschwat gëtt.

Weider Medikamenter sinn déi Mesuren, déi den Zesummenhalt an der Gesellschaft stäerken. Relioun, déi deelweis radikaliséiert, ass net dat richtegt Instrument. Vill méi sinn et d’Veräiner an de Sport. Vläicht och en obligatoreschen Déngscht. Am Léifsten en zivillen, mee vue d’Entwécklungen am Ausland kéint ee souguer iwwert eng militäresch Optioun diskutéieren.

Am Wichtegsten awer bleift d’Medikament "Chancëgläichheet". Fir jidderengem op d’mannst e bësse Perspektiven op Erfolleg ze ginn, muss de Steiersystem weider reforméiert ginn. Déi gréisst Revenue bezuele schonn am Meeschten hei am Land. Mee ënnert deene Räichste sinn der, déi sech mat Optimisatioun oder Tricken hirer Responsabilitéit entzéien. Och als grousse Verdénger, dee seng Steieren bezilt, muss ee sech esou lues selwer froen, ob dat fair ass, wann déi grouss Verméige manner bezuelen. Well wann d’Fronte weider verhäerten, da gëtt fir jiddereen d’Liewe manner schéin.

Extrait aus dem Film "La Haine"