Eng gutt Partie Lëschte sinn eraus a spéitstens nodeems de Weekend eng Rei Parteikongresser waren, ass de Startschoss fir d'Campagne fir d'Chamberwale gefall. Wou sti mir esou kuerz virun der "Grousser Vakanz"? An ass iwwerhaapt eng politesch Summerpaus ze erwaarden? D'Monica Camposeo analyséiert am Commentaire déi verschidde Strategië vun de Parteien.

Commentaire vum Monica Camposeo

Lues awer sécher zeechne sech verschidde Strategien of. Déi eng presentéieren déi véier Bezierks-Lëschten op eng Kéier, déi aner schéi brav noeneen. Dat bréngt natierlech mat sech, dass an der Ëffentlechkeet dann och véiermol iwwert, zum Beispill d'LSAP – mä si sinn net déi eenzeg – geschwat gëtt.

D'Sozialiste wollten am Juni dann déi éischt sinn. Wéi deemools an der Schoul, wann een d'Prüfung als éischt ofginn huet. Dat beandrockt einfach. Déi Opmierksamkeet huet d'LSAP sech och geséchert, bleift ofzewaarden, ob den Éischten net iergendwann vergiess gëtt.

Méi geschwat gëtt aktuell iwwert déi Parteien, déi an de leschten Deeg hir Bezierksspëtzte public gemaach hunn. Rieds ass vun DP an CSV. Eng "iwwerraschend" Strategie - wann een dat dann esou nenne kann - stécht hei ervir. Nämlech déi vun de männlechen Duebelspëtzten an de Bezierker. Huele mer un, dass an enger Walcampagne näischt ouni Grond geschitt. Wat also wëll dës Entscheedung eis soen?

Méi Käpp an de Vierdergrond placéieren? Oder konnt ee sech einfach net entscheeden? Et ass wéi wann CSV an DP e bësse modern wollte sinn, just ee Spëtzekandidat ass jo net méi In. Mä op der anerer Säit wosst een net sou richteg wéi dat geet, dat mat där Geschlechter-Paritéit do. Et erënnert mech un d'Riede vum däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz, an deenen hie mat "Bürger und Bürger" versicht ze genderen. Et ass wéi wann een an der Prüfung wollt ofkucken, mä d'Schrëft vum Noper net gelies krut.

D'DP wëll dann no bei dir sinn, mä awer och net esou no, dass een den Internetsite géing updaten. An der Rubrik "Aktuelles" war de Premier Enn Abrëll schonn no bei mir. Méi "aktuell" gëtt et net. Dierf ee gespaant bleiwen, ob dann déi komplett Lëschten Enn der Woch op den Internetsite kommen oder ob d'Strategie weiderhin "bedeckt" bleift. Wéi de Proffe-Libling an der Schoul, dee mengt, e bréicht net ze léiere fir eng schwéier Prüfung. Klappt schonn iergendwéi.

Déi Gréng setze fir hir Informatiounsstrategie op vill Informatiounen. Lëschten, Walprogramm, alles schéngt prett fir d'Missioun "Duerchkommen ouni mussen ze Kompenséieren".

Fokus versicht sech als Septi ënnert de grousse Lycéesschüler mat Inhalter duerchzeboxen. En zimmlech ëmfaassende Walprogramm mat 14 Punkten, a réimeschen Zifferen opgezielt, kann ee sech schonn duerchliesen.

D'Fokus-Kandidate-Lëschte kommen nach. Dat gëllt och fir d'ADR.

Fir d'éischt wëll d'Partei awer grad nach nei Frënn fannen. "Gitt Member" spréngt engem als kleng Fënster entgéint, wann een de Site opmécht. "Gitt ELO Member" ass dann op der Une ze liesen, wann een déi kleng Fënster ewech klickt.

Déi Lénk loossen et gemittlech ugoen, de mëttelméissege Schüler souzesoen. D'Lëschten am Osten an am Zentrum si scho presentéiert. Déi thematesch Schwéierpunkten, op d'mannst der Online-Presenz no ze urteelen, eendeiteg um Logement. Ënnert der Rubrik "Walen 2023" geet et awer just ëm d'Gemengewalen.

D'Nerds dann aus der Klass, d'Piraten, sinn och nach bei de Gemengewalen hänke bliwwen. Iergendwéi gëtt sech vun hinnen elo am Exame vill erwaart, ëmmerhi war déi kommunal Prüfung jo guer net sou schlecht. Mä esou richteg weess een net, wou d'Partei histeiert. Nach dës Woch ass den éischte Bezierkskongress, da gëtt ee villäicht méi gewuer.

D'Parteie schéngen allgemeng mat engem ganz ënnerschiddlechen Tempo ënnerwee ze sinn. Symptomatesch fir d'Zäit virun der "grousser Vakanz". Dat Gefill kenne mir sécher all nach aus der Schoulzäit: D'Fro ob et sech lount nach unzerappen, oder awer léiwer op d'Rentrée ze waarden.