Verkéierte Verkéier

© RTL
Ech reege mech elo emol net op, net iwwer Automobilisten déi hannert engem am Stau blénken oder ouni Geliits am däischtere Won am Tunnel ënnerwee sinn.
Ech reege mech elo emol net op, net iwwer Automobilisten déi hannert engem am Stau blénken oder ouni Geliits am däischtere Won am Tunnel ënnerwee sinn.
Ech reege mech net op wéinst Cyclisten déi op oniwwersiichtleche Plazen zu zwee oder méi nieftenee fueren.
Ech reege mech och net iwwert hir Kolleegen op déi engem, zu enger Dosen a méi, am Rond-point d‘Virfaart schneiden.
Oder sech duerch den Trafic schlängelen, fir direkt vir bei de Luuchte bei Gréng , direkt als éischt drun ze sinn an dann gläich am Biergop no de Luuchten eng Dosen Autoen hannert sech ofbremsen. Dat selwecht gëllt och fir vill Leit op 50-Kubik-Scooteren.
Vum Virfaartsverständnis a Saache Busse wëll ech emol net schwätzen. Idem bei de Protagonisten op den Trottinetten.
Mä wéi gesot ech probéiere roueg ze bleiwen.
Also och keng Opreegung wéinst Motocyclisten, déi am Stau d'Leit op der Autobunn erféieren an deem se net grad lues duerch d‘Mëtt fueren.
Wat mech an der Lescht awer besonnesch ferm nervt, ass all Owend de Kräiz-Wee bis bei de Rond-point Serra um Kierchbierg.
D'Rout Luuchten Héicht Parking Luxexpo: Leit déi Richtung Rond-point ënnerwee sinn, hunn 9, mat Chance och emol 12 Sekonne Gréng. Wann deen éischten an der File net grad Reflexer huet wéi an der Formel 1, da kommen esou grad emol 3 Gefierer iwwert d‘Kräizung fir dann no 50 Meter nees rout ze hunn.
An duerno gëtt et „ubuesque“. Et bleiwen zwou rout Luuchte virum Rond-point Serra dee sengersäits och nach rout Luuchten huet. Riets eng Busgare déi ee wuel net méi schlecht hätt kënne placéieren.
Wann net grad een Tram d'Luuchten op rout schalten deet, wat jo absolut an d‘Rei geet, dann ass et wéi wann een d'Päerd vun hanne géif suedelen.
Am Plaz dass d‘Luuchten direkt virum Rond-point op Gréng schalten, fir Floss no vir ze kréien, sinn et d'Luuchten hannendrun déi Gréng kréien. Resultat: d'Chauffere si blockéiert, well et net no vir weider geet.
Ass emol bei der Luucht virdru keen Auto da kënnt aus der Busgare ee Jarnéier-Gefier a blockéiert direkt emol all d‘Bunnen de queesche Wee Richtung Rond-point. Mä wat sollt et, nom Rond-point kënnt deen nächste Stau an do druddele sech och d‘Automobilisten derduerch.
An der dote Situatioune ginn et och op anere Plazen. Beispill Helfenter Bréck. Och d‘Kräizung rue des Aubépines mat der Aareler Strooss huet hir eege Logik. Idem de Pont Büchler zu Bouneweg.
Dat nennt sech Verkéiersmanagement an do ass méi Floss dra wéi am Trafic. An den 90er Jore waren d'Rond-pointen d'Allheelmëttel an hunn déi Rout Luuchten ersat. Haut geet et nees déi aner Richtung.
Et kann ee sech d‘Fro stellen, ob et just schlecht oder bewosst geplangt ass. Resultat: Et gouf verschlëmmbessert an d'Leit am Verkéier ginn ëmmer méi verbruet.
Heiheem ginn Trafic an Transport dacks mat Mobilitéit verwiesselt. Dobäi dierf een Trafic a Mobilitéit net matenee gläichstellen.
Trafic ass just ee Moyen fir dem Bedürfnis no Mobilitéit gerecht ze ginn. Verkéier ass also just ee Mëttel zum Zweck. Zur Mobilitéit gehéiere net just Auto, Bus Tram Vëlo an esou weider. Zur Mobilitéit gehéieren och Reegelen a virun allem Infrastrukturen, besonnesch och fir d‘Cyclisten.
A wann déi Elementer net openeen ofgestëmmt sinn, dann entstinn ebe Situatiounen a Polemiken, wéi déi déi mer haut hunn.