Walen ouni Journalisten op de Lëschten

Zanter e Samschdeg sinn déi komplett Lëschte vun deene 4 grousse Parteie fir d'Chamberwale bekannt. Opfälleg ass dobäi, datt CSV, DP, LSAP an déi Gréng den 8. Oktober, anescht wéi an der Vergaangenheet, keng Journaliste mat an d'Course schécken. Och fréier Sportler sinn éischter rar geséint, dofir spille Medezinner a Lokalpolitiker dëst Joer eng méi prominent Roll. Eng Entwécklung, déi nëmmen op den éischte Bléck positiv ass, wéi de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff mengt.
Lo haalt Iech fest: RTL-Informatiounen no geet kee vun RTL mat an d'Chamberwalen. Och wann dat schwéier ze gleewen ass, schéngt et sech effektiv ze confirméieren. Op mannst fënnt sech keen Numm aus dësem Haus op de Lëschte vun deene véier gréisste Parteien. An och d'Léift tëscht der CSV an dem Wort oder der LSAP an dem Tageblatt schéngt scho mol méi grouss gewiescht ze sinn. Et huet nämlech och aus deenen anere Medienhaiser kee Journalist de Sprong an d'Politik gewot. Op mannst den Aly Ruckert dierft de Fändel vun der Press héich halen. De Numm vum Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek wäert wuel op enger KPL-Lëscht ze fanne sinn, net bei Mir d'Vollek.
Ma firwat gi soss keng Journaliste mat an d'Course? Grad Leit, deenen hir Aarbecht doranner besteet, hir Binnette an all Kamera ze halen oder zu all méiglechem Thema an ee Mikro ze tuddelen, sinn dach predestinéiert fir de Politzirkus. Vläicht gëtt et jo mëttlerweil eng méi grouss Distanz tëscht Politik a Press, oder vläicht zéie Vertrieder vun de klassesche Medie einfach keen Hierk méi vum Teller. Bëssi besser gesäit et alt nach fir d'Sportler aus, mam Mandy Minella an dem Raphael Stacchiotti hunn et der op mannst 2 op eng DP-Lëscht gepackt.
Ma d'Aushängeschëlder sinn dëst Joer anerer. Allem virop d'Lokalpolitiker. Dat verwonnert net, konnte si dach bei de Gemengewalen den 11. Juni hir Popularitéit ënner Beweis stellen. Ma op domat wierklech méi kommunal Kompetenz an d'Chamber anzitt, duerf awer bezweifelt ginn. Lydie Polfer, Georges Mischo, Dan Biancalana a Co. dierfte sech an deenen nächste 5 Joer änlech konstruktiv an der Chamber abréngen, wéi an der leschter Legislatur...
Als Nowéie vun der Corona-Pandemie hunn et och eng Partie Medezinner op d'Wallëschte gepackt. Nodeems dem Gesondheetspersonal vill geklappt gouf, misst dach elo all Partei eng Dosen Infirmièren an d'Course schécken. Ma et huet ee sech dann awer éischter fir déi méi sécher Variant decidéiert an eng Partie bekannten Dokteren opgestallt. Obwuel d'Fro erlaabt duerf sinn, ob d'Pandemie net awer schonn e bëssi ze wäit zeréckläit an ob d'Leit mat Nati, Schmit a Schockmel wierklech vill Positives verbannen? Ma sollten d'Hären de Sprong an d'Chamber verpassen, dierften se wuel éischter kee Fall fir d'Adem ginn. Firwat sollte se hir Posten och opginn, dat maache se jo och als Kandidaten net. Gespaant duerf een och sinn, ob déi politesch Quereinsteiger am Walkampf och heiansdo a Face-à-Facen oder Table ronde gelooss ginn, oder ob déi Rendez-vousen awer de politeschen Alpha-Déiere virbehale bleiwen.
Fir eis Journaliste bleift dëst Joer also déi interessant Aufgab, de Walkampf vun der Säitelin aus ze suivéieren an ze kommentéieren. Dat schützt zwar och net virun negative Kommentaren, ma et huet een op mannst kee Muskelkater nom Match. Mee mat den Europawale gëtt et am Juni d'nächst Joer jo scho rëm déi nächst Chance. An op mannst d'DP sicht nom Aus vum Monica Semedo nach Ersatz fir ee Mediemënsch, fräi nom Motto Jiddereen huet eppes, zesummen hu mer vill.