D'Nervositéit bei de Politiker ass grouss. Et zielt gesinn ze ginn, am beschten och opzefalen. All Reklamm ass do gutt. E Commentaire vum Diana Hoffmann.

Hutt der och antëscht d'Gefill, deen een oder anere Politiker géing zu der Famill gehéieren? Schliisslech gesitt der en all Dag. Dir wësst wat en a senger Fräizäit mécht, hutt schonn de Partner an d'Kanner gesinn a wësst, wou en an der Vakanz war, oder wéi een dat haut nennt: seng Batterien opluede war.

De Walkampf fir d'Nationalwalen an de soziale Medien ass deels e ganz perséinlechen, an et kann ee soen, deen, deen en do suivéiert, ass selwer Schold. Stëmmt. Mä dann hätt ee jo net gesinn, wéi de Roy Reding e Kazebëbee an d'Kamera hält oder d'Martine Hansen e Mini-Fierkel. Onfaire Stëmme-Fang! Wie ka bei Bëbee-Déiere scho widderstoen? Déi Leit, déi da manner en Häerz fir Déieren hunn, déi ka villäicht dem Georges Mischo säi Bizeps nom pompelen am Fitness iwwerzeegen. An och de Marc Spautz huet ee scho viru Méint op Fotoe beim Pompelen ze gesi kritt.

Besonnesch intim sinn dann och d'LSAP-Home-Stories, wou d'Politiker doheem gewise ginn an een da sou pikant Detailer gewuer gëtt, wéi dass se gäre liesen oder grillen. D'CSV stellt dogéint all Kandidat op enger Zort Collage mat 4 Fotoe vir. Kee gutt Format, fir déi, déi keng 4 Hobbyen hunn.

Mä wéi gesot: wie Politiker op soziale Medie suivéiert, ass selwer Schold. Dofir, kommt mer maachen eis virun d'Dier. D'Walplakater hänken. Wéi heefeg an de soziale Medie ginn och hei méi d'Personnage gewisen, wéi op Messagë gesat gëtt. Villäicht dee wielen, deen am beschte gephotoshoppt ass? Oder wat maache mat de ville Gesiichter, déi een an den nächste Wochen all Dag ukucken?

Bei der nationaler LSAP-Spëtzekandidatin heescht et, "säin" Stil géing den Ënnerscheed maachen. Dierzen ass haut net méi. Ganz am Sënn vum DP-Slogan "No bei dir". D'Bedeitung? Interpretatiounssaach. D'CSV weist hiren nationale Kandidat mat gudde Rotschléi fir d’Zukunft wéi zum Beispill: "Méi bauen, méi schnell". Déi Gréng hunn d'Plakater vun hire Spëtzekandidaten an engem zaart-romantesche Rosamunde-Pilcher-Stil gehalen.

Kleng Parteie sinn dann déi, déi méi op Messagë gesat hunn. Hei kann ee sech Stëmme fänke mat innovative Proposen ouni weider Explikatiounen iwwert d'Ëmsetzung ze ginn. "Fir niddereg Spritpräisser" sprécht sech zum Beispill eng ADR aus. "Manner schaffe bei vollem Loun" verspriechen Déi Lénk. Ma wann dat keng Offertë sinn.

Elo ass d'Zäit vu grousse Verspriechen an dem "sech weisen". Am beschten op all Dëppefest.

An deem Sënn: De Basar ass op.

De Commentaire vum Diana Hoffmann