A knapp 4 Woche si Walen. A wéi engem Bezierk wielt Dir? Dat decidéiert jo, wien Dir iwwerhaapt kënnt wielen a wat Är Stëmm wäert ass.

D’Diskussioun, ob eise Walsystem gerecht genuch ass an net misst reforméiert ginn, kënnt reegelméisseg op. Ouni Resultat bis ewell. Dat bedauert d’Carine Lemmer a sengem Commentaire…

De Commentaire vum Carine Lemmer

Ech wielen am Osten an däerf den 8. Oktober 7 Stëmmen ofginn. 7 Deputéiert aus deem klengste Walbezierk komme jo an d’Chamber. Wou am Ganze 60 Persoune sëtzen. 1984 ass dat festgehale ginn. Bis dohinner ass d’Zuel vun de Parlamentarier mat der Awunnerzuel an d’Luucht gaangen an et souzen och scho mol 64 Deputéiert an der Chamber.

Meeschtens kann ech am Osten kee vun de Spëtzekandidate wielen. Dat ass dës Kéier anescht, well d’Paulette Lenert am Oste kandidéiert. A Kandidaten, déi ech vläicht wéilt ënnerstëtzen, well ech se gutt fannen, geet och net, well se an engem anere Bezierk kandidéieren. De Choix ass limitéiert.

Stëmm am Osten oder Norde manner wäert

Meng Stëmm ass och manner wäert. Iwwert den Daum kann ee soen, datt am Osten an am Norden en zweestellegt Prozent-Resultat néideg ass fir e Sëtz, wärend am Süden an am Zentrum 5 Prozent duer ginn. D’Awunnerzuel spillt mat bei der Zuel vun de Sëtz, net d’Zuel vun de Wieler. Kleng Parteien hunn also éischter d’Chance op e Sëtz an engem grousse Bezierk, an engem klengen sinn d’Chancë vill manner grouss. D’Reschtsëtz-Reegel, déi déi lescht Mandater an engem Bezierk decidéiert, wäert och dëst Joer den Ausgank vun de Wale matbestëmmen.

Brauche mer nach d’Bezierker?

D’Bezierker solle jo déi regional Representativitéit sécher stellen. D’Suerge vum ländleche Raum sollen net vergiess ginn. Mä wéi wichteg ass haut nach d’Opdeelung a Bezierker? Steet de Süden nach fir d’Industrie an den Osten fir d’Landwirtschaft?

Wat wär, wa mer just ee Walbezierk hätten?

Dann hätte mer en anert Resultat, déi kleng Parteie géifen dovunner profitéieren. 2018 hätt Blo, Rout, Gréng keng Majoritéit méi gehat. D’CSV hätt och manner Sëtz kritt an eng 2er-Koalitioun wär och fir si net duer gaangen. An d’adr zum Beispill hätt Fraktiounsstäerkt kritt. 60 Stëmme verdeele mécht par Konter och wéineg Sënn. An et bräicht ee warscheinlech zum Beispill eng 5%-Hürd wéi an Däitschland.

Dat Lëtzebuerger Panaschéieren

Wat natierlech och typesch Lëtzebuergesch ass, ass d’Panaschéieren. Iwwer d’Lëschten eraus. Fir zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, muss ee bekannt sinn. Politiker bleiwen eis laang erhalen, Erneierung ass schwiereg a Promie si beléift, well se Stëmme bréngen. Déi bekannte Gesiichter riskéieren, méi wichteg ze si wéi politesch Inhalter.

De Lëtzebuerger Walsystem kann een also duerchaus kritiséieren. E reforméieren ass ganz schwiereg. Dat brauch eng 2/3 Majoritéit. Et soll net andauernd geännert ginn, jee nodeem, wie grad d’Soen huet. An d’Perfektioun ass schwiereg. An d’Duebelmandater oder datt d’Hallschent vun der Populatioun net wiele kann ... dat hu mer elo mol net ugeschwat.