Eng Fusioun vun de fënnef Nordstadgemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren gëtt zanter e puer Joer méi intensiv diskutéiert. Ganz konkret gouf et bis elo net. An no de Gemengewalen den 11. Juni hu fir d'éischt d'Vakanz an dono d'Chamberwalen de Projet weider ausgebremst. Dobäi wier elo Zäit, fir Neel mat Käpp ze maachen, fënnt de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff.

Tëscheruff vum Marc Hoscheid

Rezent gouf a Schottland de Séi vu Loch Ness nom Nessie duerchsicht. Ma um Enn gouf et iwwerraschenderweis awer rëm net fonnt. Och an der Nordstad gëtt et ee Monster, iwwert dat schonn zanter laange Jore geschwat gëtt, dat awer nach kee sou wierklech gesinn huet, an zwar d'Nordstadfusioun. No de Gemengewale sollt de Projet am Fong am September duerch een Treffe vun de fënnef Schäfferéit relancéiert ginn. Ma dat Treffe gouf op d'Zäit no de Chamberwalen den 8. Oktober verréckelt. Hannert de Kulissen ass ze héieren, dat géing doru leien, datt e puer vun de lokal Gewielten och an déi national Politik wëllen an dowéinst entweder net vill Zäit oder keng Loscht op méiglecherweis kontrovers Diskussiounen hunn. Sollt deem esou sinn, wier et ee weidert Beispill dofir, datt Duebelmandater, respektiv d'Striewen dono, just derfir suergen, datt um Enn vum Dag keent vun de Mandater richteg ausgefëllt gëtt. Natierlech kann ee soen, datt et op e puer Woche méi oder manner lo och net méi ukënnt. Mee éischtens ass dat d'Mentalitéit, duerch déi esou grouss Retarden iwwerhaapt eréischt entstinn an zweetens geet et ëm de Prinzip. Ëmmerhin ass d'Reduktioun vun der Zuel vun de Gemengen d'Grondviraussetzung dofir, datt d'Duebelmandater der Vergaangenheet gehéieren. Dowéinst ass et scho liicht ironesch, datt d'Chamberwalen dozou féieren, datt d'Schaffen un der Fusioun zäitlech, wann och nëmmen e bëssi, no hanne geworf gëtt.

Wat an dësem Zesummenhank och opfält, ass, datt all Gemengepolitiker wéi selbstverständlech dorop verweist, datt jo awer ëmmerhi Summervakanz war an tëscht Mëtt Juli a Mëtt September souwisou net vill leeft. Domadder ass esouwuel gemengt, datt sech déi meescht Lokalpolitiker awer och de Groussdeel vum Gemengepersonal an een zimmlech laange Congé verabschiden. Natierlech sief jidderengem säi Congé vergënnt, mee et kann een et awer sécherlech kritesch gesinn, datt sech de Grand-Duché als engt vu wéinege westleche Länner all Joer wärend zwee Méint quasi ee Lockdown am ëffentlechen Déngscht leescht. Dobäi gëllt d'Summervakanz am Fong just fir d'Schüler an d'Léierpersonal an net fir all Gemengen- oder Staatsbeamten. Dräi bis véier Woche Congé an der Summervakanz sinn nun eemol kee Mënscherecht.

Wat d'Nordstadfusioun betrëfft, mussen d'Bierger an deenen nächste sechs Joer endlech no hirer Meenung gefrot ginn, net datt de Projet um Enn änlech laang schleeft wéi d'Sich nom Nessie.